Italien & Schwäiz: Méi wéi 500 l/m² Nidderschléi zanter en Dënschden

E Sonnden hate mir eis eng éischt Kéier mam Thema befaasst an et koum nach däitlech méi schro wéi vun de Modeller berechent. An Tëschenzäit gëtt vun éischten Doudesaffer geschwat.

Advertisement

Extreemt Onwieder am westlechen Alperaum

Déifdrockgebitter, déi iwwert dem westleche Mëttelmier louchen an doduerch kill Loftmassen iwwert dat a Relatioun waarmt Mier gedréckt hunn, hu grouss Nidderschléi provozéiert. Duerch d’Dréibeweegung vum Déif sinn dës kräfteg Nidderschléi widdert déi westlech Alpen gedréckt ginn, wat zu enger “Stau-Lag” gefouert huet: De Reen gouf widdert d’Bierger gedréckt, wat zu extreem zolittem Dauerreen gefouert huet. Mir kënnen d’Wiederstatiounen net all duerchgoen, hei der mol e puer erausgepickt:

D’Wiederstatioun vun Oropa-Biella an Italien huet zanter en Dënschdenowend, wou et lues a lues ugefaangen huet, bis elo 519,5 l/m² u Nidderschlag gemooss. En anert, extreemt Beispill ass Camparient-Valdilana, wou et an der selwechter Zäitspan 601,8 l/m² waren. Och soss huet et insgesamt am äussere Südoste vu Frankräich, dem Süde vun der Schwäiz an dem Nordweste vun Italien gréisstendeels tëscht 250 a 600 l/m² gereent/geschneit. Fir ze vergläichen: Un der Referenzstatioun fir Lëtzebuerg vum staatleche Wiederdéngscht um Findel reent et am Joer duerchschnëttlech 831,3 l/m².

Doudesaffer an Italien

Wéi d’Medien mellen, koum et an Italien bis ewell zu dräi Doudesaffer. Bei Turin ass e Mann vun 92 Joer a sengem Haus erdronk. Bei Vicenza gouf e Papp a säi Jong dout gebuergen, den Auto gouf vun de Waassermassen matgerappt.

An den Alpen selwer ass e groussen Deel och als Schnéi erofkomm. Am Kanton Wallis an der Schwäiz hunn Äerdrëtsch, Beem an Iwwerschwemmungen fir vill zoue Stroossen an Zuchlinne gesuergt. D’Schoule sinn zoubliwwen. Och de Stroum war plazeweis fort. Op der bekannter Ski-Destinatioun Zermatt koum duerch de ville Schnéi keen méi eran an och net méi eraus, wéi et heescht wieren och d’Telefonsnetzer an d’Bréch gaangen.

Wéi et virugeet

Laut de momentane Berechnunge kënnen am Nordweste vun Italien bis e Sonnden inclus nach eng Kéier tëscht 50 an 130 l/m² Reen/Schnéi erofkommen. Fir d’nächst Woch ginn och fir aner Deeler vun Italien, mee awer och dem Balkan-Raum, relevant Nidderschléi berechent – allerdéngs, Stand elo, bei wäitem net esou extreem. Generell bleift et variabel an de Risk, dass sech an de nächste Woche weider markant Déifer mat zolittem Reen kënne forméieren, schéngt bestoen ze bleiwen.