meteoboulaideMétéo Boulaide, gegrënnt am Dezember 2009 vum Philippe Ernzer, ass e private Wiederdéngscht. No iwwer 10 Joer am Asaz areechen d’Prognosen eng héich Trefferquot – Spezialgebitt: Prognos vun Onwiedersituatiounen.
Zesumme mat den Donnéeë vun eegene Moossstatioune souwéi och duerch d’Auswäerte vu sëllege Wiedermodeller ginn all Dag op mannst zwee mol präzis a verlässlech Wiederprognosen un de Public erausginn. De Virdeel am Géigesaz zu de meeschte Wieder-Apps: all d’Prognose sinn handgemaach, Feeler vun informateschem Uersprong ginn et also wäitgoend keng. Iwwerdeems sech de Gros vun den Apps just op 1 bis 2 Modeller bezéien a nët duerch Mënschenhand kontrolléiert/iwwerwaacht ginn, fléissen an d’Prognose vu Météo Boulaide all méiglech Szenarien an, déi duerch 10 Joer Experienz korrekt a plausibel interpretéiert ginn.

Météo Boulaide publizéiert séng Déngschter fir de Public ënner meteoboulaide.com, mee och iwwer déi sozial Netzwierker wéi Facebook. An Tëschenzäit huet sech den Déngscht am Land etabléiert a gëlt als verlässlech Referenz. Mat duerchschnëttlechen 240.000 Visitten am Mount ass Météo Boulaide de gréisste private Wiederdéngscht zu Lëtzebuerg.

Dir wëllt mat Météo Boulaide zesummeschaffe oder Reklamm op dëser Websäit schalten? Dann mellt Iech ënner business@meteoboulaide.com oder philippe@ernzermedia.com. Wann Dir Météo Boulaide finanziell ënnerstëtze wëllt, kënnt Dir dëst iwwer dëse Link maachen: