Iwwerduerchschnëttlech Temperaturen: Kuerzupdate fir déi nei Woch

Och elo, wou mir der neier Woch méi no komme, si sech d'Modeller iwwert eng weider däitlech ze waarm Woch eenz.

Gréisstendeels tëscht 16 an 20 Grad

D’Duerchschnëttstemperatur an engem Oktober läit normalerweis bei 9,9 Grad, Dag a Nuecht mat abezunn. Net nëmmen am Dag sinn d’Temperaturen de Moment awer ze héich, mee och an de Nuechten. An de leschte Nuechte sinn d’Temperature gréisstendeels op tëscht 9 a 15 Grad zréckgaangen – mir leien also dagsiwwer esouwéi och an de Nuechten däitlech iwwert der méintlecher Moyenne.


D’Temperaturanomalie vun de Loftmassen fir den Donneschden | Grafik: wxcharts.com

An de nächsten Deeg resp. an der neier Woch steet keng gréisser Ännerung un: e Méinde packen et d’Temperaturen op e Maximum vun tëscht 16 a 19 Grad, lokal sinn och ëm 20 Grad net ausgeschloss. Den Dënschde geet et mat 14 bis 17 Grad virun, ier d’Wäerter de Mëttwoch op tëscht 17 an 21 Grad klammen. Richteg waarm Deeg kéinten dann den Donneschden an de Freide ginn, berechent ginn tëscht 19 an 21 Grad – eng lokal 22 Grad kann dobäi net ausgeschloss ginn. Bis de Sonnden inclus soll et dem aktuelle Stand no net ënner 15 bis 20 Grad zréckgoen. An de Nuechte leie mir meeschtens tëscht 9 a 14 Grad.