Omega-Wiederlaag & iwwerduerchschnëttlëch héich Temperaturen

Vum 26. März un gouf ët éicht Unzeechen dovir, dass ët ab der nächster Woch däitlëch méi waarem zu Lëtzebuerg gëtt. Dobäi wärt dës och nach iwwerduerchschnëttlëch waarem ausfaalen, sou aktuell Modellrechnungen.

Omega-Wiederlaag suergt vir stabilt Wieder

Déi lescht Wochen hu sëch virun allem vun hierer onbestännëger Säit gewisen. Sonnëg Momenter waren zwar dobäi, allerdéngs koum ët dunn och ëmmer rëm zu décke Wollécken a Schaueren. D’Temperaturen waren alles aneschters wéi stabil, waat sech awer elo ännere wärt. Eng Omega-Wiederlaag stellt sech an.

Omega-Wiederlaag wéi aus dem Léierbuch.
Grafik: WXCHARTS

Ënnert enger Omega-Wiederlaag versteet een eng Wiederlaag, bei där een iwwert eng méi laang Zäit mat stabilem Wieder rechne kann. Héichtendéifdrockgebitter lénks a riets vum kräftëgen Héich fixéieren duerch e.a hier Dréibeweegung d’Héich, soudass ët sëch kaum vum Fleck beweege kann. Duerch d’zyklonal Bewegung vun den Déiwer an d’antizyklonal Dréiung vum Héich gräifen souzesoen aneneen wéi en Zännrad. Soumadden gëtt daat “schlecht” Wieder quasi rondrëmt d’Zentrum vum Héich gelenkt. De Kärdrock vum Héich wärt ëm déi 1035 hPa bedroen.

D’Wandkaart aus 500 hPa, also ongeféier 5,5 km Héicht, weist nachengkéier schéin d’Laag vum kräftëgen Héich a wéi de Wand rondrëmgeleed gëtt. Eng Omega-Wiederlaag gläicht op de Wiederkaarten dem griechëche Buschtaf “Omega”, wouhier se och hiere Numm huet.

Grafik: pivotalweather

Oflaaf

D’Wierkung vun dëser Omega-Wiederlaag wärt een den aktuelle Modellrechnunge no vum Dënschden un lues awer sëcher bemierken. Ët gëtt vum Moien un ëmmer manner wolléckëg, de Recht vum Daag dominéiert d’Sonn. Daat ganzt Streckt sech dann bis an de fréie Samsdemoien eran, ier déi éicht Stéierunge méiglëg sinn. D’Déifdrockaktivitéit wärt lues a lues rëm d’Iwwerhand gewannen, soudass iwwert de Weekend eenzel Schaueren oder och Donnerwiedere nët auszeschléisse wieren.

Temperaturanomalie an 850 hPa (1,5 km). Grafik: WXCHARTS

Aktuelle GFS- an ECMWF Modellleef no wärten d’Temperaturen vum Dënschden bis de Weekend iwwerduerchschnëttlëch waarem ausfaalen. De GFS rechent virun allem den Donnëschden mat engem Héchstpunkt vu baal 13 Grad iwwert der 30-Joeres-Moyenne. Och den ECMWF rechent vir dësen Zäitpunkt mat 12 Grad iwwert dem Mëttel, soudass en däitlëcht Averständnis zwëschent den zwee Modeller besteht. Um Weekend, mat der Schwächung vun der Omega-Laag, normaliséieren sëch d’Werter no a no.

Am Kloertext heecht daat, dass d’Temperaturen virun allem ëm Mëtt der Woch op Werter vun 21 bis 25 Grad klamme kënnen.