Januar 2024 elo schonn ze naass: De Bilan zu de Reenzommen an de leschten Deeg

Déi éischt Onwiedersituatioun vum Joer berouegt sech – an enger éischter Phas awer just doduerch, dass et manner reent. Mir zéien e Bilan zu de Reenzommen a vergläichen dat mat vergaangene Januar-Méint.

Déi momentan Situatioun

Mir sinn immens naass an dat neit Joer eragestart. Och wa mir dat schonn an der leschter Dezember-Woch thematiséiert haten, huet et nach e Stéck méi gereent wéi all d’Berechnungen et iwwerhaapt komme gesinn haten. An trotzdeem: Esou extreem Konditioune wéi am Juli 2021 sinn, wéi betount, ausbliwwen – wat awer net heescht, dass déi momentan Situatioun op déi liicht Schëller ze huelen ass. Se ass immens eescht, an dohier gëtt ugeroden, sech weiderhin iwwert déi offiziell Peegelmiessungen um Lafenden ze halen. Wat de Reen u sech awer ugeet, ass eng däitlech Berouegung amgaangen.

D’Donnéeën aus de leschten Deeg

An der Meteorologie ginn déi 24 stënneg Reenzommen meeschtens an engem Zäitraum vu 06 Auer UTC bis den aneren Dag 06 Auer UTC uginn, dohier maache mir dat och an dësem Artikel. Mir fänke beim Méinden un, also dem 1. Januar 2024, un dem et och schonn gutt gereent huet. Duerch d’Land verdeelt huet et tëscht 9 a 25 l/m² gereent, déi héchst Wäerter sinn am Westen ze fannen.

Dëst waren déi héchst Wäerter:

  • Mamer (ASTA): 15,2 l/m²
  • Steesel (ASTA): 15,2 l/m²
  • Wolz (Kachelmannwetter): 15,4 l/m²
  • Uewerkuer (ASTA): 15,7 l/m²
  • Ettelbréck (ASTA): 17,9 l/m²
  • Käerch (ASTA): 18,3 l/m²
  • Ueschdref (ASTA): 20,0 l/m²
  • Rued (ASTA): 25,4 l/m²

En Dënschden ass et esou richteg ugaange mam Reen, besser gesot schonn an der Nuecht. Am Zäitraum vum Dënschden 07 Auer an dem Mëttwoch 07 Auer huet et duerch d’Land verdeelt tëscht 14 an 52 l/m² gereent. Och dës Kéier zeechent sech erëm of, dass de meeschte Reen an de westlechen Deeler erofkomm ass.

Dozou zielen:

  • Recken op der Mess (ASTA): 30,5 l/m²
  • Uewerkuer (ASTA): 31,4 l/m²
  • Ell (Kachelmannwetter): 32,2 l/m²
  • Wolz (Kachelmannwetter): 33,6 l/m²
  • Ettelbréck (ASTA): 35,3 l/m²
  • Käerch (ASTA): 35,9 l/m²
  • Ueschdref (ASTA): 36,2 l/m²
  • Rued (ASTA): 51,9 l/m²

E Mëttwoch hu sech déi meescht Nidderschléi op eng Sträif am Norde konzentréiert, mee och de Süde war mat dobäi. Et ergëtt sech also e Beräich un der héchster Nordspëtzt an och duerch d’Mëtt vum Land, wou et manner gereent huet.

Un dëse Statiounen huet et nach eng Kéier méi wéi 20 l/m² gereent (03.01. 07:00 – 04.01. 07:00):

  • Bartreng (Kachelmannwetter): 20,3 l/m²
  • Mamer (ASTA): 21,0 l/m²
  • Eschduerf (ASTA): 21,1 l/m²
  • Dol (ASTA): 21,4 l/m²
  • Réiser (ASTA): 22,5 l/m²
  • Bettenduerf (ASTA): 22,5 l/m²
  • Esch-Sauer (ASTA): 22,7 l/m²
  • Kënzeg (ASTA): 23,6 l/m²
  • Recken op der Mess (ASTA): 25,7 l/m²
  • Uewerkuer (ASTA): 26,0 l/m²
  • Rued (ASTA): 26,5 l/m²
  • Ueschdref (ASTA): 26,7 l/m²
  • Ettelbréck (ASTA): 29,5 l/m²

D’Zommen vum 1. Januar bis de 4. Januar 2024 07:00 Auer, Top 10

  • Rued (ASTA): 103,8 l/m²
  • Ueschdref (ASTA): 82,9 l/m²
  • Ettelbréck (ASTA): 82,7 l/m²
  • Uewerkuer (ASTA): 73,1 l/m²
  • Wolz (Kachelmannwetter): 67,7 l/m²
  • Lycée Robert Schuman (Météo Boulaide): 63,2 l/m²
  • Recken op der Mess (ASTA): 56,2 l/m²
  • Käerch (ASTA): 54,2 l/m²
  • Shopping Mile Marnach (Météo Boulaide): 52,4 l/m²
  • Boulaide (Météo Boulaide): 50,8 l/m²

Elo schonn ze naass

De Normalwäert fir Januar ass vu ville Statiounen also schonn iwwerschratt ginn. De Referenzwäert, deen un der Wiederstatioun vum staatleche Wiederdéngscht um Findel gemooss gëtt, läit fir e Januar nämlech bei duerchschnëttleche 71,5 l/m².

Donnéeën: ASTA (AgriMeteo), Kachelmannwetter, Météo Boulaide