Jetstream: Mir mussen d’Kaarten a Saache Stuerm genee am Aen halen

Ëmmer erëm rechnen d'Wiedermodeller e kräftegt Stuermdéif fir déi fréi zweet Hallschent vun der nächster Woch. Dëst ass en éischte virsiichtege Bléck drop, deen mir an de nächsten Deeg nach e puer mol wäerte maachen.

Advertisement

Advertisement

Déi viraussiichtlech Wiederlag

Mir wäerten bis Enn vum Joer mol nach sécher ënnert enger variabler Westwiederlag leie bleiwen. Duerch dës wäert et net nëmmen ëmmer erëm naass ginn, mee och de Wand ka weiderhin eng gréisser Roll spillen. An de Fokus geroden ass d’Nuecht op den Donneschden, resp. den Donneschde selwer. Zu där Zäit soll e kräftegt Stuermdéif iwwert der Nordséi leein, iwwerdeems mir et iwwert dem Mëttelmierraum mat héijem Loftdrock ze dinn hunn. Et kënnt also erëm zu gréissere Loftdrockënnerscheeder, déi d’Atmosphär just mat Wand kann ausgläichen.


Den Jetstream soll an der zweeter Wochenhallschent viraussiichtlech erëm genee iwwert eis leie, wat fir stiermescht Wieder ka suergen | Grafik: wxcharts.com

Dëst gesäit een och gutt op der Wandkaart an enger Héicht vun 8 bis 12 Kilometer, wou den Jetstream ënnerwee ass. Wéi et ze erkennen ass, leet sech de Wandstroum viraussiichtlech erëm genee iwwert eis, wat an der Vergaangenheet ëmmer erëm fir stiermescht Wieder bis hin zu ausgewuessene Stuermlage gefouert huet. Och wa mir nach gutt 4 Deeg dovu fort sinn, ass et un der Zäit, dat Ganzt méi genee am Aen ze halen.

Déi méiglech Zenarien

Mir kucken eis elo d’Berechnunge vum europäeschen, amerikaneschen an och däitsche Modell un – anerer gesi leider nach net grad esou wäit.

Dem europäesche Modell no erwaarden eis vum spéideren Donneschdevirmëtten un stiermesch Wandstéiss vu bis ëm 70 km/h. Am Nomëtte soll de Peak erreecht ginn, dat mat Spëtze vu bal 90 km/h. Dem amerikanesche Modell no fänkt et vum fréien Donneschdemoien un esou richteg un, bis an de Nomëtten eran sollen ëmmer erëm Stuermstéiss vun 85 km/h kënnen optrieden. Den däitsche Modell gesäit de Peak am Nomëtte mat Spëtzte vun ëm 85 km/h.


Dës Kaart weist d’Maximalvitesse vun de Wandstéiss, déi bis e Freiden, 29. Dezember, kënnen optrieden | Grafik: wxcharts.com

Et handelt sech also ëm Stuermstéiss, mee mir hunn definitiv schonn vill méi héich Vitessen gesinn. Firwat ass et dann relevant? D’Saach ass déi, dass sech eben den Jetstream genee iwwert eis soll leeën. Ass dat de Fall, da kënne sech esou Wiederlagen wéi elo just beschriwwen spontan awer mol zu méi kräftege Situatiounen entwéckelen. Dohier hale mir den Donneschde vun haut un och erëm méi genee am Aen.