Jetstream positionéiert sech erëm: Risiko vu Stierm geet op e Neits an d’Luucht

An der nächster Woch leet sech den Jetstream erëm genee iwwer Deeler vu West- & Mëtteleuropa, wat op e Neits de Risk vu (staarke) Stierm an d’Luucht dréckt. Spontan sinn erëm markant Entwécklungen duerch Randdéifer méiglech.

Advertisement

D’Situatioun

Vergaangenen Donneschden war de schwéieren Orkan CIARÁN iwwert déi nordwestlech Deeler vu Frankräich ewechgezunn, duerch deen grousse Schued ugeriicht gouf. Ënnerstëtzt gouf dës Wiederlag duerch e gënschteg positionéierten Jetstream, deen wéi eng Strooss fir d’Déifrock- a Stuermgebitter fungéiert. Et ass e Staarkwandband, wat an enger Héicht vun 8 bis 12 Kilometer ënnerwee ass, an ass quasi de Motor vun eisem Wiedergeschéien. De neiste Modellrechnunge no leet e sech am Laf vun der nächster Woch erëm matten iwwer West- a Mëtteleuropa, wouduerch op e Neits där méi kräfteg Entwécklunge net kënnen ausgeschloss ginn.


D’Verlagerung vum Jetstream am Laf vum Ufank vun der nächster Woch | Animatioun: wxcharts.com

Stuermlagen, déi aus esou enger Grousswiederlag eraus entstinn, weise sech zimmlech spontan an de Modellkaarten – wéi aus dem näischt quasi. De Moment hu mir e puer méi stiermesch Zenarien an de Wiederkaarten, och fir Lëtzebuerg – mee duerch déi gënschteg Konditiounen ass et ebe net ausgeschloss, dass sech an de nächsten Deeg nach e bësse méi kann an de Kaarte weisen. Mee bleiwe mir elo mol bei dem, wat mir de Moment wierklech an de Kaarten hunn.

Erëm Stuermdéifer an de Modellkaarten

Mir wëssen also elo, dass eis an der nächster Woch eng Wiederlag mat gréisserem Potenzial erwaart. D’Modellkaarte weisen och schonn dat engt oder anert Stuermdéif:


Eng vun de stiermeschen Iddien vum GFS-Modell fir d’nächst Woch | Animatioun: wxcharts.com

Den amerikanesche Modell berechent, dass sech en Dënschdemoien südlech vun de britteschen Inselen a westlech vu Frankräich en Déifdrockgebitt immens séier zu engem Stuermdéif soll virunentwécklen. Tëscht dem Dënschdemëtten an Owend soll d’Wandfeld dovun en änlechen Zuchwee aleeën wéi de CIARÁN, fir dann duerno iwwert der Nordséi e méi südleche Verlaf ze hunn. Doduerch wier net nëmmen erëm d’Bretagne an d’Normandie un der Rei, mee och grouss Deeler vu BeNeLux an esouguer Däitschland. E Mëttwochowend hätt sech de Stuerm dann bis a Polen an Tschechien verzunn.


Déi selwecht Iddi vum ECMWF-Modell, just e bëssen anescht | Animatioun: wxcharts.com

Wat seet den europäesche Modell? Majo, esouguer dat selwecht Stuermdéif, just e bësse méi spéit. Et soll sech eréischt en Dënschdenowend esou richteg iwwert dem Atlantik forméieren, fir dann e Mëttwochmëtten mat sengem Stuermfeld iwwert déi südlech Brittesch Inselen, den Ärmelkanal an och den äusserste Nordweste vun Däitschland ewechzezéien. D’Stuermdéif soll dann bis an de fréien Donneschden eran mat sengem Kär bis an Dänemark wanderen an dann eréischt südëstlech ofdriften – et géif also e méi oder manner grousse Bou ronderëmt Lëtzebuerg gemaach ginn.

Fazit

Dëst ass elo déi éischt Iddi vun de Modellkaarten, déi vum amerikaneschen esouwéi och europäesche Modell änlech gesi ginn. Natierlech sinn hir zäitlech Agrenzungen a méiglech Zuchweeër net an dréchenen Dicher – an dësem Artikel soll just gewise ginn, dass sech am Laf vun der nächster Woch eppes potenziell méi markantes kann entwéckelen, eben duerch déi “gutt” Konditiounen duerch den Jetstream. Wéi an ob et Lëtzebuerg dann wierklech wäert betreffen, gesi mir, esoubal d’Modeller eng méi kloer Sprooch schwätzen.