D’Grousswiederlag
Vum Méinden un soll et jo, an dat hate mir eis gëschter ugekuckt, däitlech méi waarm bei eis ginn. Duerch dës Ännerung dréint d’Stréimung op Südwest an am weidere Verlaf vun der Woch warscheinlech op West. Zur selwecher Zäit leet sech och den Jetstream ëmmer méi iwwert eis Käpp, wouduerch sech de Risiko vun enger turbulenter Westwiederlag net ewechschwätze loosse géif. Et steet natierlech nach all Détail op – an awer kucke mir eis un, wat geschéie géif, wann dës Wiederlag esou kënnt.
Ier mir dozou kommen, beäntferte mir nach d’Fro, wat de sougenannten Jetstream iwwerhaapt ass. Den Jetstream ass e staarkt Wandband an enger Héicht vun 8 bis 12 Kilometer an déngt quasi als Motor vun eisem Wieder. Un him orientéiere sech Déif- an Héichdrockgebitter a bleiwen domat also stänneg a Beweegung. Verleeft den Jetstream elo genee iwwert eng Géigend, da besteet d’Warscheinlechkeet dass Déifdrockgebitter & Randdéifer dësen als Schnellstrooss benotzen, wouduerch och héich Wandvitessen um Buedem entstoe kënnen.
Amerikaneschen an europäesche Modell weisen Undeitungen
De momentane Stand ass also deen, dass sech den Jetstream am Laf vun der nächster Woch iwwert eis leeë soll. Ongewéinlech ass dat zwar net, an awer dréckt dat d’Gefor vu stiermeschem Wieder an d’Luucht. Wat maachen eis Buedemkaarten? Fänke mir mam amerikanesche Wiedermodell GFS un.
Dem amerikanesche Wiedermodell GFS no kéint den Jetstream d’Dier a Richtung Atlantik tatsächlech opmaachen. Schonn ufanks der Woch ass e gréissert Orkandéif iwwert dem Nordatlantik aktiv, wat virun allem Deeler vun de britteschen Inselen betreffe wäert. Leftegt Wieder schéngt dann och bei eis zimmlech warscheinlech, esou wierklech stiermesch sollt et awer net bei eis ginn. Et ass eréischt esou ronderëmt de spéidere Mëttwoch/Donneschden wou Randdéifer berechent ginn, déi eis tatsächlech déi éischt kleng Stuermlag vun der Saison brénge kéinten. De Risk soll bis Chrëschtdag selwer unhalen, duerno géif den Jetstream sech erëm vun eis fort verlageren. Wat d’Wandvitesse betrëfft géife mir tëscht dem 21. an dem 25. Dezember vun tëscht 70 a 90 km/h schwätzen déi méiglech wieren.
Och den europäesche Wiedermodell ECMWF weist Undeitungen op däitlech méi leftegt Wieder. Ugoe soll et, genee wéi de GFS et gesäit, schonn de Méinden an den Dënschden. Bedeitend ass dat awer nach net wierklech a mir bleiwe wäit fort vu Stuerm. Vum Donneschde bis de Samsde gesäit de Modell zwar och net direkt e Stuerm op eis duerkommen, mee op mannst stiermesch Wandstéiss kéinten zäitweis net ausgeschloss ginn.
Fazit
De momentane Kaarte no kéint also eppes Klenges an der Heck sinn. Méi kann ech Iech awer eréischt erziele, wann d’Kaarte bis méi konkret Resultater bréngen.