Joerhonnert-Stuermflut un der Ostséi: Wéi et dozou konnt kommen a wéi et virugeet

E grousse System aus Stuermdéifer läit iwwert dem Nordweste vun Europa an domat och de britteschen Inselen. Duerch d’Zesummespill mat héijem Loftdrock iwwer Skandinavien koum et a Norddäitschland zu engem ongewéinlechen Ost-Stuerm.

Advertisement

Stuerm normalerweis aus westleche Richtungen

Hierscht- a Wanterstierm suergen iwwer Mëtteleuropa meeschtens fir eng éischter westlech bis südwestlech Stréimung. Beim rezente Stuerm war dat awer anescht, an dat duerch eng bestëmmt Konstellatioun vun den Drockgebitter. Iwwert dem Gros vu Nordwesteuropa an och dem Nordatlantik hu mir et mat grousser Déifdrockaktivitéit ze dinn, d’Zentren vun dësen Déifdrockgebitter leien de Moment virun allem iwwert de britteschen Inselen. An engem Déifdrockgebitt dréint d’Stréimung géint d’Auer.

Op der anerer Säit hu mir héije Loftdrock iwwer Skandinavien leien, deen sech esouguer engersäits bis a Russland erstreckt an anerersäits bis a Grönland. An engem Héichdrockgebitt dréint d’Stréimung op der Nordhallefkugel mat der Auer.


Schematesch Erkläerung zu der Loftstréimung | Grafik: Météo Boulaide

Dës ënnerschiddlech Stréimungen interagéieren natierlech mateneen, et kann ee sech wéi Zännrieder virstellen, déi aneneendréinen. Gëschter war de Wand iwwert der ganzer Nordhallschent vun Däitschland spierbar bis stiermesch ënnerwee, markant war et awer virun allem un der Ostséi. Duerch d’Stréimungsmuster koum de Wand net aus Westen oder Südwesten, wéi et eben typesch ass, mee aus Osten. Et ass also eng éischter ongewinnt Wandrichtung wärend engem Stuerm, wat awer och nach e ganz anere Phänomen mat sech bréngt.

Stuermflut aus Osten

Bei staarke Stierm kënnt et un de Küsten ëmmer erëm zu Stuermfluten, mee dat eben aus westleche Richtungen. Dohier ass een generell méi oder manner op Stuermflute virbereet, mee wann se aus Oste kënnt gëtt d’Situatioun erëm eng aner. Dëst ass nämlech immens rar. Dobäi dréckt de Wand d’Mierwaasser vun der Ostséi a Richtung Ostküsten, iwwerdeems op der Nordséi d’Waasser esouguer vun der Küst ewechgeblose gëtt.

Virun allem zu Flensburg ass de Peegel esou héich geklommen wéi zanter 100 Joer net méi, e richtegt Joerhonnert-Event also. Géint Mëtternuecht louch bei 2,27 Meter iwwert dem Normalwäert, erwaart goufen awer “just” 2 Meter. Dëst ass den héchste Peegel zanter méi wéi 100 Joer. D’Stroosse stinn ënner Waasser, aus Sécherheetsgrënn war de Stroum esouguer ausgeschalt ginn. Wéi et aus de Medieberichter heescht, wieren do awer keng Leit blesséiert ginn. Am Krees Schleswig-Flensburg goufen d’Leit an dräi Uertschaften dozou opgefuedert, hir wichtegst Saachen ze paken fir sech op eng Evakuéierung virzebereeden. Zu Arnis ass war en Däich gebrach.

Fir de Rescht gouf et op ville Plazen direkt un der Ostséi Schued duerch d’Waasser an och de Stuerm selwer. Op Fehmarn ass eng Fra ëmkomm, wéi se vun engem Bam getraff gouf.

Wéi geet et virun?

An Tëschenzäit brécht d’Konstellatioun, déi fir dëst Héichwaasser verantwortlech ass/war, a sech zesummen. Den héije Loftdrock iwwer Skandinavien huet sech méi wäit an de Norde verzunn, esoudass d’Wandrichtung iwwert der Ostséi esou lues um änneren ass. Och wat d’Vitesse betrëfft sinn d’Wäerter erëm ënnert alle Warnschwellen ukomm, d’Lag berouegt sech also.

Wann een déi momentan Modellkaarten esou kuckt, sinn an Zäit vun de nächste Woche weider Stierm méiglech – mee dat tendenziell méi op der Nordséi an dat net aus ëstlecher Richtung.