Joerhonnert-Mounddäischtert haut den Owend

Mounddäischterte sinn iwwerhaapt guer net sou seelen. Demnächst steet awer en Event an d’Haus, waat soubaal net nachengkéier virkënnt.

Längst total Mounddäischtert vum Joerhonnert

De 27. Juli 2018 ass et souwäit – Et steet mol rem eng Mounddäischtert um Programm, déi een dëskéier awer op kee Fall verpasse sollt. Et ass mat 103 Minutten déi längst total Mounddäischtert vum Joerhonnert a bréngt nach e puer weider flott Effekter mat sëch.

De Mound wärt komplett an de Kärschied vun der Ärd gerooden, soumadde kënnt kee Sonneliicht méi un der Mounduewerfläch un. E wärt awer trotzdem siichtbar sinn, waat duerch d’Liicht vun der Ärdatmosphär zustaane kënnt. Dëst gëtt nämlech gestreet an un der Mounduewerfläch siichtbar. Déi rout Faarf gesäit een nëmmen, well d’Sonneliicht an engem flaache Wénkel op d’Ärdatmosphär fällt a soumadden all aner Faarf ausser rout erausgefiltert gëtt.

D’Däischtert wärt dëskéier méi laang wéi soss ausfaale, well sech de Mound am sougënannten “Apogäum” befënnt. Daat heecht, dass de Mound dee Punkt ereecht huet un deem en am wäitste vun der Ärd ewech ass, also ongeféier 402.200 Kilometer. De Mound ass soumadden theoretësch méi kleng, waat een awer mam bloussen Aen kaum erkenne wärt. Well de Mound méi wäit wech ass, daueren déi eenzel Phasen vun der Mounddäischtert méi laang. Méi wäit ënnen am Artikel fannt Dir déi genee Zäitpunkte wéini wéieng Phase amgaangen ass.

Waat ass eigentlech eng Mounddäischtert?

Zu enger Mounddäischtert kënnt et wa Sonn, Ärd a Mound (bei Vollmound) an enger Linn zuenee stinn. Dobäi gehäit d’Ärd hiere Schied op de Mound, soudass dëse net méi ganz siichtbar ass. Am Fall vun enger totaler Mounddäischtert kënnt kee Sonneliicht méi um Mound un.

Wéieng Zorte ginn et?

Total Mounddäischtert: De Mound trëtt komplett an de Kärschied vun der Ärd an erfaasst déi gesamt soss siichtbar Fläch vum Mound.
Partiell Mounddäischtert: Gëtt de Mound nëmmen en Deel vum Kärschied vun der Ärd bedeckt, schwätzt een vun enger partieller Mounddäischtert.
Hallefschied-Mounddäischtert: An dësem Fall trëtt de Mound entweder ganz oder nëmmen hallef an den Hallefschied vun der Ärd an.

Weidert Schauspill: Marsoppositioun

D’Joerhonnert-Mounddäischtert wärt de 27. Juli net daat eenzegt sinn, waat vir Opmierksamkeet suerge wärt. Et kënnt zu enger sougënannter “Marsoppositioun”. Daat heecht, dass de roude Planéit opgeet, wann d’Sonn ënnergeet a réicht rem ënnergeet, wann d’Sonn rem opgeet. Wéi bekannt ass, dréit d’Ärd méi séier rondrëmt d’Sonn wéi de Mars, well dës méi no un der Sonn ass. Dass d’Zäiten an d’Gesamtpositioun sou gutt passen, läit dorunner, dass d’Ärd de Mars quasi “iwwerhëllt”. E Joer um Mars dauert iwwrëgens 687 Deeg.

Daat besonnëgt un der dësjähreger Marsoppositioun: De Mars kënnt der Ärd méi no wéi et normalerweis de Fall ass. Dëskéier wärt d’Distanz eppes manner wéi 60 Millioune Kilometer bedroe, soudass e souguer méi hell wéi de Jupiter, nëmme 6 Grad ënnert eisem Mound, um Nuechthimmel ze gesi wärt sinn.

Oflaaf

De 27. Juli kënnt et also ouni Zweifel zu engem vun de wichtëgsten Événementer vun eiser Zäit, virun allem waat d’Mounddäischtert ugeet. Mee wéi leeft daat iwwerhaapt of?

Den éichte Kontakt mam Hallefschied wärt de Mound géint 19:13 Auer eiser Zäit hunn. Well de Mound bis dohinner awer nach net opgaangen ass, wärt een dës Phase net zu Lëtzebuerg gesinn. Daat selwecht gëllt och vir den Antrëtt an de Kärschied, dee virdéicht vir d’partiell Däischtert suerge wärt.

Géint 21h geet de Mound op, dëse wärt ufanks nëmme liichtschwaach um Horizont am Südosten ze gesi sinn. Géint 21:30 Auer geet et lass mat der totaler Phase – de Mound fierft sech rout. De Maximum vun dëser Phase ass géint 22:21 Auer ze erwaarden an ass, genee wéi den Ufank vun der Haaptphase, bei guddem Wieder iwwerall ze gesinn. Um 23:13 verléisst de Mound lues a lues de Kärschied, d’Haaptphase geet op en Enn. Bis 00:19h (28.07) kann ee nach d’partiell Däischtert beobachten, bis 01:28h d’Hallefschied-Däischtert. Duerno geet de Mound rem a säi “normalen Zoustand” iwwer.

Den Oflaaf vun der totaler Mounddäischtert a grafëscher Iwwersiicht
 

ICON

GFS

Spillt d’Wieder mat?

Daat allerwichtegst bei dem ganzen ass d’Wieder. Spillt et mat, oder maachen eis d’Ausleefer vun der Kaalfront, déi eis um Samsden erwaarden, e Strich duerch d’Rechnung?

Um Freidenowend ass de Mound bis 21:16 Auer net ze gesinn, well e nach net opgaangen ass. Zu deem Zäitpunkt sinn e puer Wollécke bei eis ënnerwee, déi d’Siicht zum Mound awer net wierklech bedeitend blockéieren. Während de Mound bei eis opgeet, huet e scho baal déi total Phase ereecht. Géint 22:21 Auer gëtt de Maximum erwaart, woubäi lues a lues e puer méi Wollécken an d’Land zéie kënnen. De Bléckkontakt zum Mound sollt awer ëmmer nach net komplett ënnerbrach ginn. Um 01:28 Auer ass d’Enn vum ganzen ze erwaarden, wou et wiedertechnësch gesinn weiderhin och ëmmer méi wolléckeg gëtt, well eis um fréie Samsdmoien eng Kaalfront passéiere wärt.

Fazit

D’Mounddäischtert ass ze gesinn, och wann eng Partie Wollécken iwwert den Himmel zéien an de Mound kuerz an zäitweis bedecke kënnen. Réicht dann, wann alles eriwwer ass, klëmmt de Risk vun engem groen Himmel signifikant. D’Temperature wärte während den Observatiounszäiten tëschent 16 an 23 Grad am Norde leien, am Süden ass et och nach gutt waarem mat 21 bis 25 Grad.