Joreswiessel: Den Oflaf vu Silvester 2022/2023

Gudde Mëtten! An dësem leschten Artikel vum Joer kucke mir op den allgemenge meteorologesche Verlaf vum Owend.

De Wand berouegt sech

Nodeems de Wand de Moie nach plazeweis mat bis zu 74 km/h ënnerwee war, ass et och de Moment ëmmer nach lefteg. Un dëse stiermesche Wäert kënnt en awer net méi drun an dat wäert och fir de Rescht vum Dag esou bleiwen. Bis an de spéideren Owend era kënne mol nach Vitesse vun tëscht 40 a 60 km/h optrieden, muer de Moie fréi huet e sech nach weider ofgeschwächt.

Dréchen an immens waarm fir d’Joreszäit

Fir de Rescht hu mir de grosten a naasste Part vum Dag schonn hannert eis. An de nächste Stonnen zéien zwar weiderhi vill Wolleken duerch, heiansdo kann virum Ënnergang nach d’Sonn luusse kommen. Um Owend kënne sech och mol Lächer an der Wollekendecken opdinn, ier se vun der zweeter Nuetshallschent un awer erëm zou ginn. Trotzdeem ass de Modeller no den Owend an och an der Nuecht net méi mat nennenswäertem Nidderschlag ze rechnen. D’Temperature leien den Owend géint 18h bei 11 bis 14 Grad, géint 21h bei 11 bis 13 Grad, géint 00h bei 10 bis 13 Grad, géint 03h bei 8 bis 11 Grad a géint 06h bei 8 bis 10 Grad.

Klengen Zousaz nach: De Rekord vun der héchster jeemools gemoossener Temperatur un engem Dezemberdag ass un der offizieller Wiederstatioun vum staatleche Wiederdéngscht geknackt ginn. Op déi definitiv Donnéeë gi mir am neie Joer an. Iech all e gudde Rutsch gewënscht a passt op Iech op. 🥂🎉