Juni-Ausbléck: Keng Wiermt ouni de Risk vun Onwieder

Well d’Wiederkaarten de Moment e gutt Beispill dofir erginn, wat sech alles nach dëse Mount ka bei eis doen, ass hei eng Fortsetzung vum Artikel vu gëschter.

Advertisement

De Summer ass do, mee d’Wiermt muss e Wee fannen

Wéi mir aus dem Artikel vu gëschter geléiert hunn, ass de Summer jo eigentlech do. D’Wiermt an deels och Hëtzt läit iwwert dem Süde vum Kontinent, mee gëtt de Moment nach vun enger éischter ongënschteger Stréimung dovun ofgehalen, op Lëtzebuerg ze kommen. D’Natur muss also e Wee fannen, fir dës Loftmassen a Richtung Norden ze dreiwen – an dat geet och just duerch eng gënschteg Loftstréimung.


Déi momentan Grousswiederlag. D’Wiermt/Hëtzt sëtzt iwwert dem Süden a Südoste vun Europa ze waarden | Grafik: wxcharts.com, Edit: Météo Boulaide

De Moment drécken eis méi kill Loftmasse vun der Nordséi entgéint, dat duerch en Héich iwwert dem Atlantik an déiwem Loftdrock iwwert dem skandinavesche Raum esouwéi och Deeler vu Nordosteuropa. Wat mir awer fir waarmt bis hëtzegt Wieder bréichten, wier entweder e grousst Héich iwwer Europa, wat wéi eng Hëtzt-Glack fungéiert (wat awer dann och erëm mam Risk vun enger Drécheperiod entgéint kéim). Anerersäits, an dat ass fir d’Natur méi liicht ëmzesetzen, misste mir en Déifdrockgebitt iwwert dem Südweste vun Europa hunn, wat eis déi waarm Loftmassen entgéintschleidert.

Den zweeten Zenario bréngt de Risk vun Onwieder

Eis Wiederkaarten an och déi tatsächlech Grousswiederlag sinn de Moment zimmlech chaotesch. Fir do e bestännegt a rouegt zentraalt Héichdrockgebitt dran ënnerzekréien, gestalt sech als immens schwiereg. Dohier, an och mam Bléck an déi momentan Kaarten, wier den zweete beschriwwenen Zenario de méi warscheinlechen. Am Artikel vu gëschter hate mir schonn de Raum ronderëmt den 18. bis den 20. Juni am Aen gehat, just hat den amerikanesche Modell eng weider potenziell méi kill Situatioun mat dran, iwwerdeems den europäesche Modell wéinstens eng liicht Hoffnung op Summerwieder berechent huet. An de leschte Stonnen huet erëm e bëssen eppes geännert, wat Iech engersäits soll weisen, dass et bei der Verdeelung vun den Drockgebitter an hire Loftmassen op de gefillt klengste Millimeter ukënnt – an anerersäits och, dass et bis ewell einfach un den ongënschtege Stréimunge louch, dass de Summer nach net richteg do war.


D’Grousswiederlag fir ronderëmt den 18. Juni | Grafik: wxcharts.com, Edit: Météo Boulaide

Den Ënnerscheed tëscht de Berechnunge vu gëschter an deene vun haut ass deen, dass de sougenannte “Wiermtbockel”, deen vun engem Déif iwwer Südwesteuropa opgebaut gëtt, an Tëschenzäit westlech genuch gerechent gëtt, dass en de Summer och géif op Lëtzebuerg bréngen. An der Variant vu gëschter louche mir nach matten op der Grenz tëscht waarm a méi kill, wat just eng méi pessimistesch a wackeleg Aschätzung zougelooss huet. Fairerweis muss een awer och soen, dass mir och bei der aktueller Berechnung, trotz enger méi westlecher Verlagerung, ëmmer nach méi oder manner um Rand vum Wiermtvirstouss leien – an do kënne nach aner Phänomeener an d’Spill kommen.

Méigleche Modus: Wiermtbockel, dann Kalfront – Repeat

Wéi Dir et Iech sécherlech scho kënnt denken, si Wiermt-Virstéiss aus Südwesten oft domat verbonnen, dass se just kuerz unhalen – méi fréi oder méi spéit kënnt erëm eng Kalfront eran, déi dann de Wiermtbockel erëm aus eise Géigende verdrängt. Wat bei dëse Wiederlagen och typesch ass, ass d’Zoufuer vu Fiichtegkeet. Trëfft nämlech eng Kalfront aus Westen op e Wiermtbockel, deen seng Wiermt aus dem Südweste bis Süde vun Europa hierhëlt, dann entsteet e gemësch aus fiichtwaarmer Loft. Duerch d’Zesummestousse vu verschiddene Loftmassen aus verschiddene Richtunge kënnen och deels méi zolitt Donnerwieder entstoen – an dat kéint, wann d’Wiederlag wierklech esou kéim, wéi elo aktuell berechent, tatsächlech en Thema ginn. Fir eng definitiv Confirmatioun dovun ass et awer nach däitlech ze fréi, mee et soll Iech just eng Iddi ginn.


Potenziellen Onwiederrisk iwwer Mëtteleuropa an enger Woch (onconfirméiert) | Grafik: wxcharts.com, Edit: Météo Boulaide

Wat ech soe wëll: De Moment gëtt vum amerikaneschen esouwéi och vum europäesche Modell fir a gutt enger Woch e Wiermtbockel berechent, deen eis Temperature vun tëscht 26 an 30 Grad géif bréngen. Well dat fir de Wiermtvirstouss verantwortlecht Déif awer net esou wäit westlech vun eis géif leien, kéim zimmlech zäitlech hannendrun awer schonn erëm eng Kalfront an d’Spill. Dohier wieren am selwechten Zäitraum, trotz den héijen Temperaturen, kräfteg Donnerwieder bis fläit esouguer Onwieder net ausgeschloss.

Nodeems dëse Wiermtbockel dann vun dëser Kalfront verdrängt gi wier, géif dem amerikanesche Modell no fir ronderëmt de 25. Juni op e Neits d’Warscheinlechkeet vum Opbau vun engem weidere Wiermtbockel bestoen. Un him géif sech dann, Stand aktuell, eng änlech Situatioun kënnen ofspillen.

Fazit

Ganz onofhängeg dovun, ob et genee esou kënnt oder net, ass et trotzdeem zimmlech warscheinlech, dass esou en änlecht Muster vun der zweeter Junihallschent un kann d’Rudder iwwerhuelen. Et kann also dann stoussweis waarm ginn, mee et muss een och de Risk vun Donnerwieder (fläit esouguer zolitten) am Hannerkapp halen.