Kalfrontpassage: Eis erwaart e reenerege Mëttwoch

Muer um Mëttwoch passéiert eis eng Kalfront, déi eis nawell e gudde Pak Reen brénge kann.

Mëttwoch reeneregsten Dag vun der Woch

Nodeems et um Sonnden duerch en Donnerwiederdéif, wat knapp westlech u Lëtzebuerg laanschtgezu war, besonnesch am Norde mat bis zu 45 l/m² zu markante Reequantitéite komm ass, erwaart eis muer um Mëttwoch dat nächst Reegebitt. Mee: dëst wäert op kee Fall mam Sonnden ze vergläiche sinn.


D’Reegebitt um Mëttwochmëtten iwwer Lëtzebuerg | Grafik: wxcharts.com

Vum Mëttwochvirmëtten u rechnen d’Modeller domat, dass den éischte Reen aus Westen eragezu kënnt. Dëse soll sech bis an de Nomëtten eran erstrecken, deemno wéi och bis an de spéidere Nomëtten. Déi reen-räichst Zäit soll tëscht 11 an 13 Auer sinn.

Vun de Quantitéiten hier ginn et tëscht de Modeller zwar natierlech erëm kleng Ënnerscheeder, gréisstendeels sinn awer am Peak (op de naasste Plazen) bis ëm 10 l/m² ze erwaarden, fäit och 12 l/m². Et ass also net d’Welt, an awer freet sech d’Natur sécherlech driwwer. E Verglach mam vergaangene Sonnde kann een also op alle Fall keen zéien.