Kalifornien: Doudesaffer a Blesséierter duerch schro Iwwerschwemmungen

Wéi et ze fäerte war, sinn d’Iwwerschwemmungen duerch de ville Reen a Kalifornien plazeweis katastrophal ausgefall. Et ass eng vun de Nidderschlags-räichste Perioden zanter 1877.

Titelbild: Aude Guerrucci, REUTERS

Advertisement

Op d’mannst dräi Persoune gestuerwen

Den US-Bundesstaat Kalifornien erlieft immens zolidd Iwwerschwemmungen, dat well e Sonnden an e Méinde gutt 120 bis 260 l/m² Reen erofkomm sinn. Dem amerikanesche Wiederdéngscht no war et fir déi betraffe Géigenden dat schlëmmst Onwieder vun där Zort zanter op d’mannst 150 Joer. Duerch déi vill Äerdrëtsch, Iwwerschwemmungen a beschiedegt Infrastruktur waren e Méindenowend ongeféier 700.000 Persounen ouni Stroum. D’Leit sollen hir Haiser just am absolute Noutfall verloossen, esou huet et geheescht.

D’Radar-Animatioun weist de Nidderschlag, deen sech iwwer Deeg gezunn huet

Op d’mannst dräi Persounen hunn d’Onwieder net iwwerlieft – dat all Kéiers duerch Beem, déi ëmgefall sinn. Well de Buedem ëmmer nach iwwersiedegt ass, kënne weider Beem instabil ginn an ëmfalen. Duerch de selwechte Grond besteet och elo ëmmer nach de Risiko vun Äerdrëtsch a Bullislawinnen. D’Onwieder war e Sonnden haaptsächlech am Raum San Francisco aktiv an huet sech e Méinde weider op Santa Barbara a Los Angeles beweegt.