
Neie Rekord fir d’Provënz
Zu Penticton, an der Provenz British Columbia am Weste vu Kanada, ass den 1. Dezember 2021 de wäermsten Dezemberdag an der Provënz zanter Opzeechnungsufank observéiert ginn. Den Thermometer huet 22,5 Grad ugewisen, wat och gläichzäiteg dem nationale méintlechen Temperaturrekord vun 22,5 Grad, gemooss am Dezember 1982 zu Hamilton am Ontario, entsprécht.

Penticton läit e puer honnert Kilometer südëstlech vu Lytton, wou am Summer e neie kanadeschen Hëtztrekord vu 49,6 Grad opgestallt gouf. Duerno ass et an der Regioun zu Bëschbränn komm, wat op mannst zwee Awunner d’Liewe kascht huet.
Canada 🇨🇦 has done it again…
We just observed the hottest December day on record in British Columbia. Tying the all-time national Canadian December highest temperature.
This weather station beat its previous December record by a monstrous 8°C. Jeepers. pic.twitter.com/7JNjPipJke
— Scott Duncan (@ScottDuncanWX) December 2, 2021