Karibescht Mier: Risiko vu neiem Hurrikan klëmmt rasant

Virun enger Woch ass den Hurrikan IAN a Florida u Land gaangen an elo rezent ass och Mexiko de Weekend vum Hurrikan ORLENE erwëscht ginn. D'Hurrikansaison ass nach net eriwwer, an der Karibik forméiert sech de nächste Wirbelstuerm.

Schläifende Start, mee dunn ass et séier gaangen

Et ass Hurrikansaison – an obwuel dës dëst Joer zimmlech gemittlech ugefaangen huet, huet se an de leschte Woche gewise wat se kann. De 5 Juni huet sech den éischten Tropestuerm vun der atlantescher Saison forméiert (Alex) – zanterdeems sinn dës Stierm nokomm: Tropestuerm BONNIE, Tropestuerm COLIN, Hurrikan DANIELLE, Hurrikan EARL, Hurrikan FIONA, Tropestuerm Gaston, Hurrikan IAN an den Tropestuerm HERMINE.

Am Pazifik waren et bis ewell 17 Systener: Den Hurrikan AGATHA, Hurrikan BLAS, Tropestuerm Celia, Hurrikan BONNIE (Verstäerkung vum Tropestuerm, dee vum Atlantik aus komm ass), Hurrikan DARBY, Hurrikan ESTELLE, Hurrikan FRANK, Tropestuerm GEORGETTE, Hurrikan HOWARD, Tropestuerm IVETTE, Tropestuerm JAVIER, Hurrikan KAY, Tropestuerm LESTER, Tropestuerm MADELINE, Tropestuerm NEWTON, Hurrikan ORLENE an de Tropestuerm PAINE. De Grond, dass een näischt bis net esou vill vun dëse Stierm an de Medien héieren huet ass deen, dass d’Systemer quasi an alle Fäll iwwert dem oppene Mier bliwwe sinn. Den Hurrikan DARBY war esouguer een vun der véierter Kategorie op der Saffir-Simpson Skala.

Gefor vu neiem Hurrikan an der Karibik klëmmt rasant

De National Hurricane Center (NHC) observéiert eng tropesch Stéierung, déi sech kuerz virun den Diere vun den ëstleche Karibikinselen befënnt. De Meteorologe no besteet an de nächsten 48 Stonnen eng 60%eg Warscheinlechkeet, dass sech aus dësem Cluster aus Donnerwieder en tropesche Wirbelstuerm forméiert. Op 5 Deeg gekuckt läit d’Warscheinlechkeet bei héijen 80%.


Animatioun vun der Entwécklung vum Stuerm laut GFS | Animatioun: wxcharts.com

Am Viséier ass e Groussdeel vum karibesche Mier, dat bis op Nicaragua. Och betraff ass den äusserste Norde vu Venezuela & Kolumbien. De neiste Modellrechnunge no besteet de Risk vu méi zolitten Entwécklungen, wéi z.B engem Major Hurricane (Hurrikan, deen op mannst déi drëtt Kategorie op der Saffir Simpson-Skala erreecht) an och erëm enger Stuermflut inkl. Iwwerschwemmungen duerch massive Reen. Weider Détailer komme soubal d’Zäit do ass.