Karibik: Tropestuerm bei Jamaika, am weidere Verlaf Hurrikan méiglech

D'Hurrikansaison geet per Definitioun nach e gudde Mount - dat weist sech elo och an der Karibik.

Tropesche Wirbelstuerm imminent

An der Karibik, net wäit südlech vun Haiti, zirkuléiert eng tropesch Depressioun. Aus dëser Depressioun gëtt e Méindemëtte viraussiichtlech en Tropestuerm, deen mat sengem Kär nëmme kapp südlech un Jamaika laanschtzitt. Well d’Insel awer am Aflossberäich vum Stuerm läit, huet de National Hurricane Center eng Tropestuermwarnung erausginn. Och d’Cayman Islands leien ënnert der selwechter Warnung. Besonnesch staark ass de System dann awer nach net, an der Moyenne gëtt mat Wandvitesse vu 85 km/h gerechent.


De Parcours vum nächsten Tropestuerm, potenziell och Hurrikan | Grafik: hurricanes.gov

Et ass méi a Richtung Mëtt der Woch, wou sech de Stuerm verstäerke soll. Et gëtt domat gerechent, dass de Stuerm entweder de Mëttwoch oder den Donneschden zu engem Hurrikan vun der éischter Kategorie op der Saffir Simpson-Skala gëtt, dat mat gemëttelte Wandvitesse vun 130 km/h. Nach am Laf vum Donneschde soll de Stuerm zu Belize u Land goen, dat net nëmme mat vill Wand mee och mat enorme Reequantitéite vu méi wéi 300 l/m².