Karibik: Tropestuerm JULIA forméiert sech a soll de Weekend als Hurrikan u Land goen

Iwwert dem äusserste Norde vu Venezuela läit eng tropesch Well, aus där sech all Moment en Tropestuerm forméiere wäert. Dem momentane Stand no soll de Stuerm de Sonnden un der Ostküst vu Nicaragua als Hurrikan u Land goen.

Entwécklung vum Stuerm kënnt nëmme schläifend virun

Nach zitt sech d’Entwécklung vum Tropestuerm e bëssen an d’Längt – d’Interaktioun mat der onmëttelbarer Landfläch vum äusserste Norde vu Venezuela (do wou de potenziellen Tropestuerm de Moment läit) bremst dat Ganzt e bëssen. An awer gëtt domat gerechent, dass de Stuerm all Moment zu engem tropesche Wirbelstuerm gëtt. Dësen Artikel ass an der Nuecht op de Freide geschriwwen, eventuell kann et also schonn esouwäit sinn.


Déi momentan Positioun vum potenziellen Tropestuerm an de weidere Parcours dovun | Grafik: NHC / NOAA

Intensivéierung zu engem Hurrikan erwaart, massive Reen méiglech

Nodeems d’Ufäng vum Tropestuerm iwwert de Golf vu Venezuela an dann och nach nërdlech vu Riohacha, Kolumbien ewechgezunn ass, geet et mam Stuerm op dat waarmt karibescht Mier eraus. Hei distanzéiert sech de System méi wäit vun alle Landflächen a ka sech esou ouni gréisser Stéierunge weider verstäerken. Fir de Sonndemoie gëtt domat gerechent, dass aus dem Tropestuerm dann en Hurrikan vun der éischter Kategorie op der Saffir Simpson-Skala gëtt. Nach virum Sonndenowend erwaart de National Hurricane Center, dass den Hurrikan knapp nërdlech vu Pearl Lagoon, Nicaragua u Land goe wäert. An der Moyenne solle Wandvitesse bis 140 km/h generéiert ginn, an de Spëtzten däitlech driwwer. Wat de Reen betrëfft, sinn haaptsächlech do wou de Stuerm u Land geet de Modeller no bis ëm 400 l/m² Reen méiglech.


Duerch déi zolitt Reenzommen ass mat massiven Beanträchtegungen ze rechnen | Grafik: wxcharts.com