Karlsruhe: Éischte meteorologesche Summerdag vum Joer an Däitschland

An de leschte Stonnen ass bei eisen däitsche Noperen den éischte meteorologesche Summerdag vum Joer 2022 registréiert ginn.

Bal 26 Grad

Un der Wiederstatioun Karlsruhe-Siemens ass am Nomëtten tëscht 17 an 18 Auer eng Dageshéchsttemperatur vu 25,5 Grad gemooss ginn. Net wäit südlech dovun, un der Statioun zu Rheinstetten, waren et 25,2 Grad.

Vun engem meteorologesche Summerdag schwätzt een, wann d’Temperatur op mannst 25 Grad erreecht. Dobäi muss awer och drop opgepasst ginn, dass de Sensor der meteorologescher Norm no installéiert ass.

D’Temperaturen zu Lëtzebuerg

Zu Lëtzebuerg ware mir haut awer nach e Stéck vun engem Summerdag ewech. Den héchste Wäert ass mat 23 Grad zu Ettelbréck opgetrueden. Am “keelste” war et mat 18,5 Grad un der ASTA-Statioun zu Wëntger.