
De Januar war immens naass, an awer huet déi mëttlerweil laang Period ouni Reen an och vill Wand dofir gesuergt, dass et ze dréchen dobaussen ass. Zu Esch koum et gëschter zu engem Vegetatiounsbrand.
Fotoen am Titelbild: CGDIS
Advertisement
Vegetatiounsbrand um Plateau de Barbourg zu Esch-Uelzecht
Wéi de CGDIS mellt, koum et gëschter um 3. Abrëll zu Esch-Uelzecht zu engem Vegetationsbrand. D’Feier war zwar séier ënnerbonnen, an awer ass et dofir duergaangen, dass eppes manner wéi en Hektar dovu betraff war. Wichteg ze betounen ass, dass dës Bränn ni vum selwen uginn, mee meeschtens op de Mënsch zréckzeféieren ass: Eng Zigarett oder e klenge Fonke geet schonn duer, en oppent Feier oder direkt an der Wiss mat engem Alu-Grill hantéieren ass och keng gutt Iddi. Zousätzlech kënnen och d’Auspiff vun Gefierer dofir suergen, dass d’Grieser a Brand geroden. Am Fall vun engem Feier gëtt geroden, sech a Sécherheet ze bréngen, den 112 ze ruffen an de Pompjeeën de Wee op d’Asazplaz ze weisen, esou d’Uweisunge vum CGDIS.
Mëttlere Risk vu Bësch- a Flächebränn
Wa mir nom “Grasland-Feuerindex” an dem “Waldbrand-Gefahrenindex” vum däitsche Wiederdéngscht DWD nofueren, hu mir et de Moment mat engem mëttlere Risiko (Stuf 3/5) ze dinn. Mam Ausbléck op déi nächst Deeg, an deenen et weiderhi net wäert reenen, geet de Risk nach weider an d’Luucht. De Projektioune no kéint en e Sonnden an der Groussregioun (Äifel, Deeler vu Rheinland-Pfalz a Saarland) schonn bei 4/5 leien. D’Wiedermodeller deite weiderhin un, dass fréistens ronderëmt de 16. Abrëll de nächste Reen ze erwaarde wier. Ob et sech dann iwwerhaapt nennenswäert Zomme wäert handelen, ass eng aner Fro.