Update: Keelt kéint méi laang bleiwe wéi geduecht

Mëttlerweil ass sëcher, dass ët vun elo un ëmmer méi kaal gëtt. Ët erwaart eis eng Wiederlaag, déi een nët all Wanter ze gesi kritt. Dohier kann een se och aussergewéinlëch nennen, virun allem, well den 1. März schon d’meteorologëscht Fréijoer ugeet.

Arctic Outbreak ab dem Sonndën

Mir spiere momentan schon, dass ët an de Moiesstonnen e klengt Stéck méi kill ass wéi an de leschte Wochen. Deen Trend haale mir och weiderhi bäi, well d’Temperature ginn demnächst plaatzeweis sou richtëg wäit eroof.

Schon de Weekend ginn d’Temperature rëm, virun allem am Norden, op zweestellëg Minusgraden zréck. Um Samsden- souwéi och um Sonndemoien kënnen d’Temperaturen haaptsächlëch an Däller wéi Schëmpëch schon op -15 Grad zréckgoen. Soss leien se awer nach zwëschen -8 a -4 Grad. Trotz dëse niddrëge Werter an de Nuechten kann ët daagsiwwer nach mat Werter vu bis zu 5 Grad zimmlëch mëll ginn.

Vum Sonndën op de Méinden ass dann haaptsächlech mam Afloss vun dësen extrem kaale Loftmassen ze rechnen. Um Méinden- a Dënschdemoien kënnen d’Temperaturen op vereenzelte Plaatzen bei -18 Grad leien. Am grousse ganzen ginn -7 bis -13 Grad erwaart. Heecht also, dass d’Temperaturen och an der Staad op -10 Grad zréckgoe kënne, lokal souguer méi wäit. Am Daag bleiwen d’Temperaturen iwwerall ënnert dem Gefréierpunkt. Am Norde kënne se sëch souguer bei -5 Grad apendlën.

De Verlaaf vum Wieder bis den Dënschden. D’Sonn wärt dominéiere, iwwerdeems d’Temperaturen zréck ginn.
Copyright by Météo Boulaide

E nët onwichtëge Faktor deen dobäi kënnt ass de Wand. Iwwert de Weekend souwéi och am Ufank vun der neier Woch kann dëse Spëtzte vu bis zu 60 km/h ereechen, wouduerch sëch d’Temperature nachengkéier gutt 15 Grad méi kaal ufille kënnen, wéi se eigentlëch sinn.

Dës knackëg Keelt huet e Virdeel: Bis mindestens nächst Woch de Mëttwoch ass kee Nidderschlag ze erwaarden. Ët wärt sëch eng drëchekaal Wiederlaag mat vill Sonn astellen.

Weider Aussiichten

D’Temperature wärten an der neier Woch bis zu 15 Grad ënnert der 30-Joeres-Moyenne leien. Den Allzäit-Statiounsrekord vu -16,1 Grad zu Bauschelt aus dem Joer 2012 kéint demno wéi geknackt ginn (Professionell Datenerfaassung réicht zanter 2011). Mee wéi laang wärt dës kaal Period dann unhaalen?

D’Modeller si sëch jo scho mol eenz, dass ët iwwerhaapt extrem kaal gëtt. Wouranner se sëch awer nach absolut guer nët sëcher sinn ass de Verlaaf ab dem éichte März. Op dësem Ensemble ass dëst ganz gutt duerch Linnen, déi wäit ausernee ginn, ze erkennen. All Linn representéiert e sougënannte Member. Ët gi Memberen, déi ab Mëtt nächster Woch rëm eng lues awer sëcher Erwiermung gesinn. Anerer dogéint sinn der Meenung, dass déi kaal Period unhaale wärt an ët demno wéi souguer nach ë bësse méi kaal kéint ginn. Mir hunn ët also mat enger héchstspannender Wiederlaag ze dinn, déi sëcherlëch nach déi eng oder aner Iwwerraschung parat huet.

Grafik: meteociel.fr / Editéiert vu Météo Boulaide

Ët bleift also nach eng Zäit ofzewaarden, ob sëch déi “Ëmstëmmung” vun de Berechnungen op nach méi kaalt Wieder confirméieren oder nët. Den ECMWF vum 12Z Run vu gëschter huet op alle Fall schon eng entspriechend Léisung dran. Ët géif demno op knapp -20 Grad an annerhalwëm Kilometer iwwert eise Käpp eroofgoen. Den amerikanësche GFS huet sëch bisewell nach nët sou wierklech dovunner beandrocke geloss.

Grafik: wxcharts.eu