Keng richteg Ofkillung: An der Nuecht op e Sonnde lokal eng “Tropenuecht” méiglech

An dëser Nuecht ass net wierklech mat enger Ofkillung ze rechnen, virun allem a Ballungsräim.

Advertisement

Tropesch Nuecht méiglech

Den héichopléisende Wiedermodeller no kéint eis elo an der Nuecht op e Sonnden eng sougenannt “Tropenuecht” erwaarden – der meteorologescher Definitioun no beschreift een esou eng Nuecht, an där d’Lofttemperatur bis 06 Auer UTC net ënner 20°C fällt. Déi héchst Warscheinlechkeet dofir besteet en de Ballungsräim, virun allem awer am Ëmkrees vun eiser Haaptstad. D’Géigende Nidderkuer an Esch-Uelzecht kéinten och méiglech Kandidaten fir eng immens waarm Nuecht sinn.

Am “keelste” gëtt et an der Nordhallschent mat 15 bis 17°C.

Muer e Sonnde sinn erëm Maximaltemperature vun tëscht 30 a 34°C ze erwaarden, et gëtt awer nach en Tick méi schmeier. Et besteet en Donnerwiederrisk.