Keng Rou op Sizilien: Mann stierft bei Tornado um Mëttwochmoien

Schonns gëschter sinn eng 10 Tornadoen op der Mëttelmierinsel opgetrueden. Haut um Mëttwoch si weider Tornadoen iwwert de Süde vun der Insel ewechgezunn.

Onwiederserie op Sizilien

Schonn gëschter sinn zolitt Onwieder iwwer d’Mëttelmierinsel ewechgezunn an hu Schued hannerlooss. Nieft Iwwerschwemmungen a Knëppelsteng vun ëm 4 cm am Duerchmiesser ass et zu op mannst 10 Tornadoe komm, déi gréisstendeels vum Mier eriwwer u Land gezu sinn.

Haut um Mëttwoch huet sech d’Onwiederserie wéi erwaart fortgesat. Am Virmëtten huet sech am Südoste vun der Insel e méi staarken Tornado forméiert (an dësem Fall e Wedge-Tornado = méi breet wéi héich), deen haaptsächlech an der Gemeng vun Modica grousse Schued hannerlooss huet. Et ass leider net nëmme beim Materialschued bliwwen, e Mann ass beim Stuerm ëm d’Liewe komm. Wéi d’Norichtenagentur Ansa mellt, wollt de Mann éischten Informatioune no raus virun d’Dier, well e grousse Schued u sengem Haus gefaart huet. Den Tornado hätt de Mann dunn awer erfaasst.

Video vum besoten Tornado (via Twitter)

Sizilien huet dëst Joer vill matgemaach. Enn Oktober si bei Iwwerschwemmungen an der Géigend vu Catania dräi Persoune gestuerwen. Virdrun, am August, gouf op der Mëttelmierinsel déi héchst Temperatur vun allen Zäite gemooss. 48,8 Grad huet den Thermometer zu Floridia ugewisen – e wäert, deen bis dato nach ni um europäesche Kontinent gemooss ginn ass.

Weider Tornadoe gemellt

Nieft dem staarken Tornado si wuel nach op mannst zwee weiderer opgetrueden. Een bei Ragusano an een zu Comiso. Alle béid hu fir Schued gesuergt. Weider Tweets: