Once in a lifetime: Koméit C/2020 F3 (Neowise) um Lëtzebuerger Nuetshimmel

Fir e Mount Juli falen eis Nuechte nawell frësch aus. Et gëtt awer ee gudde Grond, fir an der zweeter Nuetshallschent e Schratt eraus ze woen.

Once in a lifetime: Koméit NEOWISE

De Star um Himmel ass an dësen an och an de nächsten Deeg de Koméit C/2020 F3 (Neowise), deen de 27. Mäerz 2020 entdeckt gouf an eis nach bis den 23. Juli méi no kënnt. Duerno verschwënnt e rem lues a lues an den Déifte vum Weltall a wäert réischt a 6.953 Joer erëm bei eis ze gesi sinn. Een deen dëse Koméit also verpasst, wäert de Neowise ni méi a séngem Liewe gesinn. Mee: mat grousser Sécherheet wäerte sech weider Chancen erginn, aner Koméiten ze gesinn.

De Neowise den 12. Juli 2020 géint 00:15h vu Bauschelt aus a Richtung Nord-Nordwesten fotograféiert.

Mat bloussem Aen ze gesinn

Dat besonnescht um Neowise: en ass mam bloussen Aen ze gesinn, wat fir e Koméit net esou typesch ass. Meeschtens erkennt ee se just per Teleskop oder Spektiv.

Iwwerdeems de Koméit d’lescht Woch nach réischt vun ongeféier 04:30 un an der Nuecht ze gesi war, wäert den Objet a Richtung Mëtt Juli bal déi ganz Nuecht laang um Himmel ze gesi sinn. Dat eenzegt wat stëmme muss: d’Wieder um Observatiounspunkt.

Scho géint 23 Auer kann ee mat Chance an haaptsächlech per Kamera / Spektiv / Teleskop de Koméit a Richtung Nord- Nordwest siichten. En ass awer duerch d’Reschtdagesliicht nach net all ze gutt mam bloussen Aen ze erkennen. Déi bescht Vue huet ee fir de Moment an de Moiesstonne vun 3 Auer bis ongeféier 4:30 Auer. Dobäi kann ee sech un der Venus orientéieren, déi um 03:19 Auer a Richtung Osten opgeet. Vun do aus kuckt een dann nach e Stéck méi wäit an de Norden, also no lénks, a wann een da gutt kuckt sollt engem a Richtung Nordosten e stärenänleche Punkt opfalen, deen e Schweif viru sech hierzitt. Wa Dir en aus enger Uertschaft aus beobachte wëllt, ass e méiglecherweis duerch d’Liichtverschmotzung net direkt op den éischte Bléck ze gesinn. Dowéinst sollt ee sech am Beschten op eng Plaz stelle, wou et stackdäischter ass.

Den 23. Juli wäert de Koméit der Äerd mat 103 Millioune Kilometer am nooste sinn – an awer gesäit een d’Spektakel mat bloussem Aen, wat scho beandrockend ass.