KIRK: Potenziell warnrelevant Reenzommen e Mëttwoch & Donneschden

E Mëttwoch an en Donneschden ass de Fokus net nëmmen op de Wand ze leeën. D’Iwwerreschter vum Ex-Hurrikan KIRK kënne grouss Reenzomme bréngen, Stand aktuell och bis an de warnrelevante Beräich. Iwwerschwemmunge wieren dann net ausgeschloss.

Advertisement

Modeller rechne grouss Reenzommen

De Gros vum Reen, deen dës Woch erofkënnt, wäert op d’Iwwerreschter vum Ex-Hurrikan KIRK zréckzeféiere sinn. De Mëtten hate mir schonn en Update iwwert säin Afloss op eist Ländchen gemaach, hu fir de Reen allerdéngs e separaten Artikel reservéiert. Dësen gëtt bei dëse Wiederlagen nämlech séier vergiess mee kënnen ënner Ëmstänn esouguer d’Haaptroll spillen. Dat lescht Wuert ass zwar nach net geschwat, mee sollte sech d’Berechnunge net méi vill änneren, da wiere fir de Mëttwochowend an d’Nuecht op en Donneschde net nëmme Warnunge wéinst dem Wand fälleg.

Folgend Zomme ginn fir d’Span tëscht dem Mëttwochmoien 05 Auer an dem Donneschdemoie 05 Auer berechent:

  • SHD (Kachelmannwetter): 39 bis 79 l/m²
  • SEZ4 (Kachelmannwetter): 27 bis 61 l/m²
  • ECMWF: 29 bis 41 l/m²
  • GFS HD: 57 bis 86 l/m²
  • ICON: 42 bis 67 l/m²

Huele mir d’Moyenne vun dëse Modellrechnungen, da komme mir bei tëscht 38,8 a 66,8 l/m² Reen eraus, deen an der genannter Zäitspan potenziell ka falen. Dat ass schonn uerdentlech – virun allem wann ee bedenkt, dass villes dovun alleng tëscht dem Mëttwochowend an dem fréien Donneschdemoien erofkomme géif.

Nach heescht et awer déi nächst Modellrechnungen ofzewaarden. Sollt sech bis muer den Owend net méi vill drun änneren, da kënnen Héichwaasser an Iwwerschwemmungen en Thema ginn, ganz nieft dem Wand.