Klenge Risk vu méi zolitte Schliet: D’Kuerzfaassung fir d’Groussregioun

Wéi zanter dem vergaangene Mëttwoch gesot, besteet haut de Risk vu punktuell méi kräftegen Donnerwieder an der Groussregioun. De Schwéierpunkt sollt sech zimmlech sécher awer bei eisen däitsche Noperen ofspillen.

Advertisement

Näischt groussflächeges

Den Haaptmodus vun den Schauer- an Donnerwiederzellen haut ass e lokalen, déi mannst déi dat hei liesen kréien haut en Donnerwieder ze gesinn. Tendenziell ass d’Warscheinlechkeet, wa mir just vu Lëtzebuerg schwätzen, am Oste vum Land am héchsten. Op d’Groussregioun oder Mëtteleuropa gekuckt ass et d’de Nordweste vun Däitschland iwwert d’Westhallschent erof bis a Bayern eran. Duerch eng sougenannt “Tiefdruckrinne” forméiere sech am Laf vum fréie Mëtte schonn déi éischt punktuell Schaueren an Donnerwieder, déi sech allerdéngs net séier vu Plaz beweegen. Doduerch kann et dann sinn, dass et ganz lokal begrenzt zu gréisseren Usammlunge vum Waasser oder och klengen Iwwerschwemmunge ka kommen. E gutt Beispill hate mir gëschter zu Lëtzebuerg, wou e quasi stationärt Donnerwieder am Nordweste vum Land fir Bulli an de Stroossen an zu Tarchamps och fir op d’mannst an engem Fall fir Waasser am Keller gesuergt hat. Un der ASTA-Statioun zu Harel goufen an Zäit vun zwou Stonnen 52,1 l/m² Reen registréiert.


Den Donnerwieder-Outlook weist, wéi wäit um Rand Lëtzebuerg eigentlech vum gréissere Potenzial läit. Détail dozou hei.

Wann en Donnerwieder optrëtt, steet de Staarkreen am Fokus. Knëppelsteng sinn och mol nach méiglech, mee d’Potenzial vun anere Phänomener ass staark limitéiert. Et ass elo keng typesch Onwiederlag mat gréisserem Impakt, mee einfach eng punktuell begrenzt Situatioun déi sech all Kéiers just op eng eenzel Géigend fokusséiert. Och wann de Gros knapp ëstlech vu Lëtzebuerg geschéie sollt, hale mir dat Ganzt natierlech wéi ëmmer zesummen am Aen.