
Alleng op Basis vun de leschten 13 Joer kristalliséiere sech e puer interessant Trends fir d’Bauschelter Gemeng, mee awer och Lëtzebuerg eraus – dat geet aus eisem Klimabericht fir d’Joer 2024 ervir.
Advertisement
Joresduerchschnëtts-Temperature vun >10°C, nei Normalitéit?
Zwar mësst déi privat bedriwwe Wiederstatioun, déi zanter 2017 vu Bauschelt op Baschelt geplënnert ass, mat hiren 13 Joer nach net besonnesch laang – an awer ass elo schonn en Trend erauszeliesen. 2014 war dat éischt Joer mat enger Duerchschnëttstemperatur vun iwwer 10°C (10,09°C). No véier Joer, 2018, goufen 10,3°C erreecht a nëmmen zwee Joer drop waren et erëm 10,28°C. 2022, 2023 an 2024 louch d’Moyenne duerchgoend iwwer 10°C. Just fir d’Joer 2021 ass et schwiereg, fir Aussoen ze maache, well tëscht dem September an dem Oktober en Datelach besteet, wat sech och op dëser Grafik erëmspigelt.

Wat de Nidderschlag betrëfft, war 2024 dat naasst Joer zanter Opzeechnungsufank. De laangjäregen Duerchschnëtt, deen op eiser inoffizieller Referenzperiod von 2012 – 2022 baséiert, läit bei 654,78 l/m². Am leschte Joer gouf dësen ëm 192,62 l/m², also ëm +29,42 %, iwwertraff.
