
Op eis intern Referenzperiod vun 2012 bis 2022 bezunn war de Wanter vun den Temperaturen hier bal duerchschnëttlech, iwwerdeems awer eng positiv Nidderschlagsanomalie opgefall ass. E Bilan.
Advertisement
Virwuert
Déi hei thematiséiert Donnéeë bezéie sech all op eis Wiederstatioun zu Baschelt, déi zanter 2011 am Asaz ass. Dat éischt vollt Joer mat Donnéeën war 2012. Normalerweis representéieren offiziell Referenzperioden genee 30 Joer – mee well dat an dësem Fall nach net méiglech ass, notze mir eis intern Period vun 2012 bis 2022, déi eis och schonn en androcksvollt Bild iwwert de Klima an der Gemeng Bauschelt gëtt. An dës Statistik fléissen d’Donnéeë vun eiser neier Wiederstatioun um Hareler Poteau nach net mat an.
Dezember 2024
Am éischte meteorologesche Wantermount hate mir eng duerchschnëttlech Temperatur vun 2,7°C, wat heescht, dass de Mount ëm just 0,59°C (2012-2022 Moy.: 3,29°C) ze kill ausgefall ass. Déi déifst Temperatur hate mir den 28. Dezember mat -5,4°C, déi héchst Temperatur de 19. Dezember mat 11,4°C. De Mount iwwer huet et iwwer 13 Deeg verdeelt 76,6 l/m² gereent (2012-2022 Moy.: 75,12 l/m²), déi héchst 24-stënneg Reenzomm gouf tëscht dem 18. an dem 19. Dezember mat 15,2 l/m² gemooss. De Wand huet sech mat kengen all ze groussen Opfällegkeete gewisen, de 19. Dezember gouf eng Spëtzt vu 54,7 km/h aus 245° (WSW) gemooss. Den héchste Loftdrock gouf de 26. Dezember mat 1035,4 hPa gemooss, de nidderegsten de 7. Dezember mat 995,0 hPa.
Januar 2025
Den éischte Mount vum neie Joer huet sech mat enger Temperaturmoyenne vun 1,8°C presentéiert, wat nëmme knapp iwwert der Referenzmoyenne vun 1,72°C läit. Am keelste war et um fréie Moie vum 14. Januar, dat mat -9,5°C. De wäermsten Dag hate mir de 6. Januar mat 10,4°C. Et huet am ganzen 177,4 l/m² gereent/geschneit, dat op am ganze 16 Deeg verdeelt. Domat war et un dëser Statioun de naasste Januarmount zanter Bestoen am Joer 2012, iwwerdeems d’Moyenne vu normalerweis 72,1 l/m² ëm 105,3 l/m² iwwertraff gouf. Op 24 Stonne bezunn war et tëscht dem 8. a 9. Januar mat 36,2 l/m² am naassten. De 6. Januar war de Wand och opfälleg ënnerwee, et konnt e stiermesche Wandstouss vun 72,4 km/h gemooss ginn. Den héchste Loftdrock gouf den 12. Januar mat 1039,8 hPa gemooss, de nidderegsten de 6. Januar mat 985,9 hPa.
Februar 2025
De leschte meteorologesche Wantermount war mat enger Temperaturmoyenne vun 2,1°C nëmme minimal méi héich wéi eis laangjäreg Moyenne vun 1,99°C. Déi déifst Temperatur ass den 18. Februar mat -7,3°C gemooss ginn, déi héchst Temperatur hate mir den 21. Februar mat 15,3°C. Et huet am ganzen 33,8 l/m² gereent, wat bal just der Hallschent vum Normalwäert vun 61,75 l/m² entsprécht – et war also ze dréchen. Op Basis vu 24 Stonne war et tëscht dem 10. an dem 11. Februar mat 10,2 l/m² am naassten. De Wand huet sech mat kenge groussen Opfällegkeete gewisen, déi héchst Vitesse gouf den 10. Februar mat 40,2 km/h gemooss. De 5. Februar hate mir mat 1039,5 hPa den héchste Loftdrock, iwwerdeems de 25. Februar mat 1008,4 hPa de niddergsten erreecht gouf.
Konklusiounen
Iwwert de meteorologesche Wanter 2024/2025 louch d’Temperaturmoyenne bei 2,2°C, iwwerdeems dës Joreszäit op eis Referenzperiod bezunn eng Moyenne vun 2,3°C huet – mir sinn also méi oder manner beim Normalwäert erauskomm, wann och just eng minimal negativ Anomalie vu -0,1°C ze verzeechnen ass. De ganze Wanter iwwer huet et 287,8 l/m² gereent/geschneit, wat e Stéck (+78,83 l/m²) méi héich ass wéi eis Moyenne vun 208,97 l/m². Den héchste Loftdrock vun der Saison gouf den 12. Januar mat 1039,8 hPa gemooss, iwwerdeems mir de nidderegsten de 6. Januar mat 985,9 hPa haten – wat och gutt zu eisem stäerkste Wandstouss passt, deen de selwechten Dag mat 72,4 km/h gemooss gouf. Allgemeng stellt sech eng westlech bis südwestlech Wandrichtung an dëser Saison als dominant eraus.
Generell kann een also soen, dass de Mount, wat d’Temperaturen ugeet, ganz no un der Moyenne louch. D’Nidderschléi louchen allerdings däitlech ze héich, woubäi haaptsächlech de Januar mat engem neie méintleche Statiounsrekord opgefall ass. Wat de Schnéifall ugeet, hate mir an der Nuecht op den 23. Dezember 2024 op de Koppen eng Schnéicouche vun ëm 10 cm. Eng zweet “interessant” Schnéiphas hate mir den 8. Januar, wou knapp 5 cm zesummekoumen. Alles an allem fällt weiderhin op, dass de Schnéi sech vill méi zréckhalend verhält, wéi dat nach virun 10 bis 20 Joer de Fall war.