Knackeg kal: Dëst waren d’Temperaturen aus der leschter Nuecht

Héije Loftdrock huet eis weiderhin am Grëff. Dëst waren déi nidderegst Temperaturen aus der leschter Nuecht.

Knackeg kal duerch Héichdrockgebitt

Wéi et am Wanter esou üblech ass, hänken Héichdrockgebitter net rar mat zimmlech déiwen Temperaturen zesummen. Esou koum et och an der vergaangener Nuecht erëm zu méi markantem Frascht.

De keelste Punkt war schonn erëm d’ASTA-Statioun vu Breedelt mat engem Minimum vun -9,5 Grad. Direkt hannendrun kënnt d’ASTA-Statioun vun Dol mat -6,6 Grad. Fir de Rescht sinn dës Kéier groussflächeg Wäerter vun ëm -6 Grad opgetrueden, déi héchst Temperature waren erëm laanscht d’Musel dobäi – do goufen bis zu -3 Grad gemooss.

D’Météo Boulaide-Statioun vu Bauschelt war mat engem Minimalwäert vu -4,5 Grad dobäi, gemooss de Moien um 07:03 Auer.

Wéi et viru geet

Och an der Nuecht op den Donneschden muss erëm mat méissegem Frascht gerechent ginn, duerch deen et och erëm zu glate Streckenofschnëtter komme kann. An der Nordhallschent solle Minimaltemperature vun tëscht -2 a -5 Grad optrieden, an der Südhallschent tëscht -1 a -3 Grad.

Wéi et de Moment ausgesäit, soll et an der Nuecht op de Freide net méi grad esou kill ginn – am Norde soll et esouguer manner kal ginn wéi am Süden. Tëscht -1 an 2 Grad ginn do berechent, iwwerdeems et am Süden tëscht 1 an -2 Grad solle ginn.