Knackeg kal: Vun der Nuecht un erëm bis zu minus 10 Grad an de Fréistonnen

Viru kuerzem ass nach mat liicht méi héije Nuetstemperature gerechent ginn, an Tëschenzäit hunn d'Modeller dat erëm no ënne korrigéiert. Vun dëser Nuecht un ass erëm mat knackeg kale Fréistonnen ze rechnen.

Kal Loft wëll bleiwen

Sou liicht ass et dann awer net, déi kal Loft aus eise Géigende verdrängt ze kréien. Mir hunn en Déifdrockkomplex iwwer Skandinavien leien a parallel dozou dréckt ëmmer nach dat Déifdrockgebitt iwwer Spuenien a Portugal dogéint. Dës zwee Drockgebitter hunn iwweregens och haut fir d’Loftmassegrenz gesuergt, déi virun allem iwwer Nordostfrankräich, der Schwäiz a Süddäitschland massiven Äisreen bruecht huet. D’Déif iwwer Spuenien a Portugal schwächelt awer, wat dozou féiert, dass déi kill Loftmassen aus der Héicht sech erëm vu Norden hier bei eis duerchsetzen. Et kënnt elo also erëm zu änlech nidderegen Temperaturwàerter wéi an der Nuecht op den Dënschden.


Firwat déi kal Loft dës Woch awer nach net esou séier verschwënnt | Grafik: wxcharts.com, Edit: Météo Boulaide

Den Temperaturverlaf

D’Wiedermodeller rechne fir muer de Moie fréi mat Déifsttemperature vun tëscht -10 a -5 Grad, um Freidemoie soll et mat änleche -9 bis -5 Grad virugoen. De Samsdemoie si mir ëmmer nach mat tëscht -9 a -6 Grad dobäi an och e Sonnden soll et an de fréie Moiesstonnen ëmmer nach net vill méi waarm sinn wéi -10 bis -6 Grad. Et ass also erëm Scheiwekrazen ugesot, ier et mam Auto op d’Schaff oder soss iergendwouhi geet. Mat dobäi kënnt, wéi üblech, de Risk vu glate Stroossen duerch Nätzt déi fréiert. Schnéi ass bis Enn der Woch keen méi ze erwaarden – d’Gefisems duerch de potenzielle Niwwel, deen och optriede kann, kéint de Risk vu glate Stroossen awer begënschtegen.

Pénktlech fir de Méinden deit sech eng markant Ännerung vun den Temperaturen un. Muer um Donneschde kucke mir eis déi Saach méi genee un.