Knackeg kal: Zweestelleg Minusgraden an et bleift spatz

Héije Loftdrock suergt grad net nëmmen fir eng Gléckssituatioun tëscht Sonn a Niwwel, mee och fir zweestelleg Minusgraden.

Zweestelleg Minusgraden

No dem ganze Gewusels an der leschter Woch leie mir an Tëschenzäit erëm ënner méi intensivem Héichdrockafloss. Dëse suergt dofir, dass mir et erëm méi oft mat Niwwel ze dinn hunn – a wann e sech opléist, da schéngt d’Sonn iwwer Bierg an Dall. An de Nuechten kann et doduerch staark ofkillen, esou wéi et an de leschte Stonnen de Fall war.

Den absolute Minimum gouf de Moie vun 07:30 bis 08:00 un der ASTA-Wiederstatioun zu Breedelt mat -10,4 Grad gemooss. Och un de Statiounen Reiler, Aasselbuer a Wëntger ass den Thermometer op ëm -8 Grad zréckgaangen.

Ofgesi vun der Nordhallschent, louchen d’Temperaturen an de fréie Moiesstonnen meeschtens tëscht -1 a -4 Grad.

Wéi geet et virun?

Iwwerdeems haut um Dënschde wuel vill Géigenden am Dauerfrascht verweile wäerten, ass och an der nächster Nuecht erëm mat nidderegen Temperaturen ze rechnen. Tëscht -2 a -5 Grad gi berechent, deemno wéi dierft et awer lokal erëm op bis ëm -8 Grad zréckgoen. D’Nuecht op den Donneschde soll mat tëscht -2 an 1 Grad erëm e bësse manner kill ausfalen.