Knackege Mëttwochmoien: Dat waren déi nidderegst Temperaturen

Demnächst klammen d'Temperaturen jo, dat ass gewosst. Ier et awer esouwäit ass, war et de Moie nawell zimmlech frësch. Plazeweis ass et och erëm ënnert de Gefréierpunkt zréckgaangen.

Loft- a Buedemfrascht, och glat Stroossen denkbar

An der vergaangener Nuecht war et zimmlech kill, an de fréie Moiesstonne si net nëmmen am Norde Minimaltemperature vu 0 Grad oder drënner erreecht ginn.

Dëst ass d’Top 6 vun de keelste Statioune vun haut de Moien:

  • Schëmpech (ASTA): -2,2°C
  • Ueschdref(ASTA): -2,1°C
  • Breedelt (ASTA): -1,9°C
  • Béiwen: -1,6°C
  • Useldeng (ASTA): -1,4°C
  • Käerch (ASTA): -0,8°C

Donnéeën: Kachelmannwetter, ASTA

Géint 4 Auer de Moien ass per Météo Boulaide App och e Wiederhiweis viru potenziell glate Streckenofschnëtter erausgaangen. Duerch d’Fiichtegkeet um Buedem duerch Niwwel huet e gewësse Risk bestanen. Déi nidderegst Buedemtemperatur ass zu Housen erreecht ginn, dat mat -3,9 Grad. Lues a lues sollt ee sech also Gedanken iwwer Wanterpneue maachen.