Knapp iwwer 40 Grad: An eise Nopeschlänner si weider Allzäitrekorder gefall

Duerch d'Hëtztwell si weider Allzäit-Rekorder gefall.

Historesch Hëtzt iwwer West- a Mëtteleuropa

Mëttlerweil gëtt et schonn bal schwiereg, fir d’Iwwersiicht ze halen. An eise Nopeschlänner ass et an de leschten Deeg fir weider Allzäit-Temperaturrekorder duergaangen, dorënner a Frankräich, op de britteschen Inselen an och an Däitschland.

England:

De vergaangenen Dënschden sinn zu Coningsby (Lincolnshire) op de britteschen Inselen 40,3 Grad gemooss ginn. De Rekord aus dem Joer 2019, 38,7 Grad, ass also quasi pulveriséiert ginn.

Schottland:

Och a Schottland si nei Rekorder gefall, dorënner och e nationalen Allzäitrekord. Zu Charterhall ass en Dënschden eng Maximaltemperatur vu 34,8 Grad gemooss ginn. Den ale Rekord geet op de 9. August 2003 zréck, deemools huet den Thermometer 32,9 Grad ugewisen.

Lëtzebuerg:

Zu Lëtzebuerg ass et fir kee neie nationalen Allzäitrekord duergaangen. Am wäermste war et zu Ettelbréck an och un der ASTA-Statioun zu Gréiwemaacher mat 38,5 Grad. Och dëst ass ëmmer nach en immens héije Wäert a fir lëtzebuergesch Verhältnisser wäit iwwerduerchschnëttlech. Den Allzäit-Temperaturrekord läit bei 40,8 Grad a gouf deemools de 25. Juli 2019 zu Steesel gemooss.

Frankräich:

Nodeems den 18. Juli 2022 schonn 108 Allzäitrekorder gefall sinn, sinn der en Dënschde nach e puer dobäikomm.

40,4 Grad goufen zu Dieppe gemooss, den ale Rekord louch bei 40,1 Grad a gouf de 25.07.2019 gemooss.

39,9 Grad goufen zu Calais gemooss, den ale Rekord louch bei 38,7 Grad a gouf de 25.07.2019 gemooss.

39,9 Grad goufen zu Le Touquet gemooss, den ale Rekord louch bei 39,3 Grad a gouf de 25.07.2019 gemooss.

39,6 Grad goufen zu Boulogne-sur-Mer gemooss, den ale Rekord louch bei 37,9 Grad a gouf den 31.07.2020 gemooss.

Däitschland:

Och an Däitschland ass et um Mëttwoch net fir e neien absolute landeswäiten Temperaturrekord duergaangen, dofir hunn awer verschidde Statiounen hir eegen Allzäit-Rekorder gebrach. Dozou zielt Bad Mergentheim a Baden-Württemberg, wou 40,3 Grad gemooss goufen. Direkt hannendru kënnt Hamburg mat 40,1 Grad (kéint esouguer vum Breetegrad hier déi europawäit héchst Temperatur jeemools gewiescht sinn), Barsinghausen (Niedersachsen) mat 40,0 Grad, Huy-Pabsdorf mat 40,0 Grad, Boizenburg mat 39,4 Grad a Grambek mat 39,1 Grad. Dëst si just e puer Wäerter vun enger ganzer Rëtsch. Den Däitsche Wiederdéngscht muss verschidden Donnéeë nach op Plausibilitéit préiwen, definitiv Wäerter sinn an de nächsten Deeg als Confirmatioun ze erwaarden.

Ass dach nëmme Summer?

Jo, mir hu Summer. Dës Temperature sinn awer wäit iwwerduerchschnëttlech fir grouss Deeler vum Kontinent. Ëmmer méi oft klammen d’Temperaturen hiren Allzäitrekorder entgéint a knacken se esouguer, dat ass e wëssenschaftleche Fakt. Dësen Tweet weist, dass et absolut keen Zweiwel dru gëtt, dass et ëmmer méi waarm op eiser Äerd gëtt.