Knapp méi wéi 27°C: Paräis erlieft säin éischte meteorologesche Summerdag

D’Statioun vum Jardin du Luxembourg zu Paräis huet am Nomëtten e Maximum vu 27,5°C gemooss – och soss an an ëmt d’Haaptstad gouf den éischte Summerdag vum Joer registréiert.

Advertisement

Immens fréi am Joer, mee net déi éischt Kéier

Zu Paräis ass haut den éischte meteorologesche Summerdag vum Joer 2025 gemooss ginn. Den héchste Wäert gouf un der Météo France-Statioun am Jardin du Luxembourg gemooss, dat mat 27,5°C. Mee och un der Statioun vum Parc Montsouris war et waarm, 25,9°C goufe registréiert. Soubal d’Temperaturen op d’mannst 25,0°C erreeche, schwätzt een vun engem meteorologesche Summerdag.

Mir hunn eréischt de 5. Abrëll, och fir Paräiser Verhältnisser sinn dës héich Temperature schonn zimmlech fréi un – et ass awer net déi éischt Kéier: Fir d’lescht war et schonn esou fréi an engem Abrëll am Joer 2021 esou waarm, d’Statioun vum Jardin du Luxembourg hat deemools 27,3°C erreecht, iwwerdeems et am Parc Montsouris 25,6°C waren. Do virdrun koum d’Joer 2011, an dem et den 10. Abrëll am Jardin du Luxembourg 28,5°C waarm war. Den eelsten Zäitpunkt vun der fréister héchster Temperatur fir en Abrëll un der Statioun Montsouris fanne mir den 3. Abrëll 1946 mat Punkt 26°C.

Generell kann een also soen, dass et zu Paräis zwar schonn mol esou fréi an engem Abrëll esou waarm war – mee d’Datumer deiten och dorop hin, dass se sech lues a lues heefen.

Gëschter um Freiden ass et heiheem un der ASTA-Statioun zu Réimech fir 24,5°C duergaangen, och bei eis hat also net méi vill fir e Summerdag gefeelt. D’Statioun zu Wuermer war mat iwwer 25°C dobäi – allerdéngs ass dëse Wäert net representativ, well d’Statioun ze no u Gebaier an ënner direktem Afloss vun Hëtztstau steet.