Knifflege Mëttwoch: Markant Kalfront mat stiermeschem Wand & Donnerwieder?

Fir de Mëttwoch gesinn d’Modeller d’Warscheinlechkeet vun enger knackeger Kalfront, déi eis net nëmme stiermesche Wand mee och Donnerwieder kéint bréngen. Well et sech dobäi ëmt e Randdéif handelt, si sech d’Modeller awer nach net esou ganz eenz.

Advertisement

Et kéint eng interessant Woch ginn…

An der neier Woch déi muer ugeet hu mir e puer Elementer, déi et zu enger interessanter Woch kéinte maachen. Déi eng Saach schwätze mir elo hei an dësem Artikel un, déi aner an engem anere wou et haaptsächlech ëm fiichtwaarm Summertemperature geet.

An Tëschenzäit leie mir jo ënnert enger éischter manner summerlecher Westwiederlag, déi mir elo de Weekend gutt ze spiere kruten/an och ëmmer nach kréien. Dës Westwiederlag ass d’Virlag dofir, wat dann elo fir e Mëttwoch enger ganzer Partie Modeller no méiglech wier: Um Rand vun engem groussen Déif, wat sech nërdlech vun de britteschen Inselen ophält, soll sech op der Héicht vum Ärmelkanal e Randdéif verdéiwen. Dat heescht, dass do e klengt Déifdrockgebitt entsteet, wat ronderëmt dat grousst geschleidert gëtt – déi ganz vereinfacht Erkläerung wat e Randdéif iwwerhaapt ass.


Déi aus aktueller Siicht simuléiert Positioun vum Randdéif e Mëttwochmëtten | Grafik: wxcharts.com, Edit: Météo Boulaide

Dës Randdéifer zeechne sech also duerch hir kleng Gréisst aus, mee awer och hir Vitesse. Duerch dës Faktore gesinn d’Modeller zwar ongeféier, wou de Kär vum Déif hinzitt, mee net genee – woubäi déi exakt Positioun vum Kär awer immens grouss Ënnerscheeder ka bedeiten.

Kalfront mat stiermeschem Wand & Donnerwieder net ausgeschloss

Dëst ass also nach keng sécher Prognos oder eng Virwarnung, mee einfach den Hiweis, dass: An der Nuecht op de Mëttwoch forméiert sech e Randdéif iwwert dem Ärmelkanal, wat sech bis an de fréie Nomëtten eran a Richtung Dänemark soll verlageren. Wéi all anert Déifdrockgebitt och dréit dëst eng Kalfront mat sech, déi an dësem Fall iwwer BeNeLux & de Weste vun Däitschland soll ewechzéien. Et forméiert sech net nëmmen e Nidderschlagsberäich, mee warscheinlech och e Wandfeld. De Passage vun dëser Front kéint also e bësse méi “ruppeg” verlafen.


Däitschen ICON-MOdell mat engem knackege Wandfeld un der Kalfront | Grafik: wxcharts.com

Faktor Donnerwieder: Héichopléisend Modeller, déi schonn esou wäit kënne kucken (Beispill ICON) gesinn, dass sech un der Kalfront sollen Donnerwieder forméieren. Dës kënne sech och a Form vu Linnen organiséieren, wat de Risk vu stiermesche Wandstéiss oder esouguer Stuermstéiss vun tëscht 75 a 90 km/h kéint erhéijen. Och méi zolidde Reen wier am Beräich vun der Kalfront selwer, mee nach vill méi un enger Donnerwiederlinn, ze erwaarden.

Obwuel de Mëttwoch net méi all ze wäit ewech ass, erschwéiert de Fakt, dass et sech ëmt e Randdéif handelt, de Modeller d’Simulatioun. Et schéngt also eng méi spannend Situatioun ze ginn bei där sech eréischt geschwënn erausstellt, ob et e normale Kalfrontpassage gëtt oder eventuell e méi rabiaten.