Koméit “Neowise” um Lëtzebuerger Nuetshimmel

De Koméit C/2020 F3, deen de 27. Mäerz 2020 vum NASA- Weltraumteleskop “Neowise” entdeckt an dunn och no dësem benannt gouf, ass an dësen Deeg um Lëtzebuerger Nuetshimmel ze gesinn – an dat bleift och nach eng Zäitchen esou.

De Neowise kënnt der Äerd méi no

De Neowise kreest ronderëm d’Sonn a war hir de 4. Juli am noosten. E war virdru just op der Südhallefkugel ze gesinn – mee elo wou sech de Koméit rem vun der Sonn distanzéiert an der Äerd méi no kënnt, kann een d’Schauspill och vun der Nordhallefkugel aus observéieren. Bis den 23. Juli nach gëtt d’Distanz tëscht Äerd a Koméit méi kleng, ier den Objet an de Wäite vum Weltall verschwënnt. Réischt an dausende vu Jore wier den C/2020 F3 erëm siichtbar.

Koméit mat bloussem Aen siichtbar

Den C/2020 F3 ass der Sonn an dësem Moment an och an de nächste Wochen esou no, dass sech Gasen a Stëbs vum Himmelskierper léisen. En zitt also e Schwäif hannert sech hier an ass vun der Äerd aus souguer och mam bloussen Aen ze gesinn. D’Konditioune mussen dofir awer passen, zu deenen d’Wollekendecken zielt mee awer och soss Donscht knapp iwwert dem Horizont – fir den Ufank fënnt een de Koméit nämlech an de fréie Moiesstonne, sou géint 04:30 Auer, an ëstleche Richtungen an enger Héicht vun ongeféier 7° (Wénkel vum Buedem aus gekuckt). Et kann ee sech un der Venus orientéieren an dann nëmmen e Stéck méi wäit a Richtung Norden, also no lénks, a gläichzäiteg och minimal méi déif, kucken.

De Neowise beweegt sech a Richtung Mëtt Juli ëmmer méi wäit an de Nordwesthimmel a wäert och méi héich stoe, wouduerch d’Konditioune fir en ze gesi sech e bësse verbesseren – trotz der ofhuelender Hellegkeet, well e sech ëmmer méi vun der Sonn distanzéiert. Mat Chance kéint e souguer nach bis an de fréien August eran ze gesi sinn. Wéi laang et wierklech de Fall wäert sinn ass awer onkloer.