Koppen: Bis muer de Moie lokal 15 cm Schnéi a méi méiglech

D’Berechnungen aus de leschten Deeg stelle sech als nawell zimmlech akkurat eraus.

De Wanter ass do fir ze bleiwen

Nodeems et de Moie kuerz Bedenken gouf, well de Nidderschlag gutt eng Stonn méi spéit wéi geduecht an d’Land eragezunn ass, sinn dës Suergen an Tëschenzäit vergaang. Am Norden op iwwer 400 Meter schneit et schonn zanter Stonnen onënnerbrach an intensiv. Duerch de Wand kënnt et zu méi geféierleche Fuerkonditiounen duerch Schnéiwicken & Beem, déi ëmfale kënnen. De Schnéi ass mat dobäi esouguer zimmlech naass a schwéier, wat d’Gefor vun ëmfalende Beem an ofbriechenden Äscht an d’Luucht dréckt – Stéchwuert Schnéibroch.


De Verlaf vun der Okklusiounsfront dem europäeschen ECMWF no | Animatioun: wxcharts.com

An de nächste Stonne wäert et op de Koppen am Land, gréisstendeels vu 400 Meter un an driwwer, viru schneien. Dat och weiderhi méi staark an a Begleedung vun engem staarke bis stiermesche Wand, deels sinn och Stuermstéiss ze erwaarden. D’Spëtzten hale sech tëscht 50 an 80 km/h op, deemno wéi sinn och bis zu 90 km/h net ausgeschloss. Am Süde vum Land, also op de niddrëge Géigenden, kann et ëmmer nach zu enger Mëschung aus Schnéi a Schnéireen kommen, op de ganz niddrëge Plazen ass et nëmme Reen. Mat e bësse Chance kann d’Schnéifallgrenz am Laf vum Owend awer e bësse fale, soudass et och do bësse méi warscheinlech gëtt, dass et schneit. Wat d’Schnéihéichten ugeet sollte mir bei engem dënne Flom landen, mat Chance bei de virausgesoten tëscht 1 bis 5 cm. Am Norde wäerte bis muer de Moien tëscht 5 a 15 cm leien, op den héchste Koppe si weiderhinn Wäerter driwwer bis hin zu 20 cm net ausgeschloss – sollten awer trotzdeem eng Ausnam sinn.

An der nächster Nuecht pendle sech d’Temperaturen tëscht -1 an 1 Grad an der Nordhallschent an, lokal och bei 2 Grad. Am Süde si mir meeschtens am liichte Plus mat 1 bis lokal 3 Grad. Et kënnen ëmmer nach Schnéi, Schnéireen a Reenschaueren erofkommen.

An de nächsten Deeg ergi sech ëmmer erëm Chancen op wanterlecht Wieder mat Schnéi. Dowéinst: déi Géigenden, déi dës Kéier net esou vill Schnéi kruten/kréien – an de nächsten Deeg ass nach e bëssen eppes méiglech. De Wanter wäert eis fir de Rescht vum Joer 2020 net méi verloossen a mir huelen dësen esouguer mat an dat neit Joer eran.