Koronal Massenauswërf: An de nächste Nuechten erëm Polarliichter méiglech

De NOAA Space Weather Prediction Center huet eng Virwarnung virun engem staarke geomagnéitsche Stuerm erausginn. Duerch dëse si virun allem an de nächsten zwou Nuechte Polarliichter an eise Géigende net ausgeschloss.

Advertisement

Koronal Massenauswërf ënnerwee

De Berechnunge vum NOAA Space Weather Prediction Center no erreecht eis tëscht den Owend an iwwermuer op d’mannst een koronale Massenausworf (CME = Coronal Mass Ejection). Ënnert esou engem CME versteet een eng Sonneneruptioun, bei där Sonneplasma mat grousse Vitessen an de Weltall erausgeschleidert gëtt. Trëfft esou een op eis Äerd, da gëtt eist Äerdmagnéitfeld gestéiert resp. agedréckt. Un eise Polen sinn d’Grenzen vun dësem Magnéitfeld eis logescherweis am notsten – dat ass de Grond, firwat ass an dëse Géigenden Polarliichter zimmlech heefeg sinn.


D’Virwarnung vun der NOAA fir déi kommend Nuechten | Grafik: NOAA Space Weather Prediction Center

Bei staarke Sonnestierm kënnen dës gelueden Deelercher awer och méi wäit a Richtung Süden fir Reaktioune suergen. Déi lescht Siichtungen an eise Géigende gouf et an der Nuecht vum 12. op den 13. August. An Erënnerung bliwwen ass awer haaptsächlech d’Nuecht op den 11. Mee, an där d’Polarliichter mam bloussen Aen zimmlech staark siichtbar waren. Et war e richtegt Spektakel, wat een an eise Géigenden an där Form zimmlech rar gesäit.

Polarliichter net ausgeschloss

Iwwerdeems een beim Wieder an de Prognosen dofir en däitlechen Unhaltspunkt huet, wou wat drun ass, ass dat bei de Sonnestierm leider en Tick méi komplizéiert. De Berechnunge no erreechen eis d’CMEs wuel nach, obwuel se eis e puer aktuellen Donnéeë no schonn kënnen erreecht hunn. De Berechnunge no besteet den Owend an och muer um Sonnden eng Polarliichtwarscheinlechkeet vu 50% an eise Géigenden, dat bei engem KP-Index vu 6.


D’Prognos vum KP-Index fir déi mëttelst Breeten | Grafik: polarlicht-vorhersage.de

De KP-Index seet aus, wéi wäit südlech d’Polarliichter potenziell ze gesi sinn. Fir dass een se hei zu Lëtzebuerg eenegermoosse gutt mat der Kamera gesäit, muss dësen bei mindestens 7 leien. E puer fotografesch Undeitungen kënnen awer och schonn bei 6 dobäi sinn. Bei de spektakuläre Polarliichter am Mee louch de KP-Index bei 9, se waren esouguer bis an de méi südleche Mëttelmierraum ze gesinn.


Wat déi ënnerschiddlech KP-Index-Ugaben heeschen | Grafik: aurora-service.eu

Dës Berechnunge sinn awer just Estimatiounen. An der Vergaangenheet koum et méi oft vir, dass déi tatsächlech Wäerter d’Prognosen op eemol däitlech iwwertraff hunn. Och wann d’Prognos esou schwiereg ass, kann ee soen, dass an de nächsten zwou Nuechten eng reell Chance op op d’mannst fotografesch Polarliichter besteet – mat “Chance” sinn se visuell mam bloussen Aen. Ukënnege loosse se sech leider just ganz spontan an dohier gëtt et och ni eng wierklech Garantie. Passionnéierter oder Fotografen kënnen awer gären d’Prognosen dozou am Aen halen a sech op d’Lauer leeën.

D’Wieder

An dëser Nuecht ass et laang kloer bis liicht wollekeg, ier besonnesch a Richtung Moien Wolleken erakommen. Mam Wëssen, dass d’Nuecht op e Méinden zimmlech bedeckt a naass wäert sinn, muss een also hoffen, dass sech d’Polarliichtaktivitéit an dëser Nuecht (op e Sonnden) genee mat der nach manner wollekeger Phas iwwerschneid.