Kuerz a knapp: Esou vill soll et bis de Sonnden inclus zu Lëtzebuerg reenen

Mir leien ënnert enger südwestlecher Stréimung, duerch déi mir stänneg ënner Déifdrockafloss geroden. Elo stellt sech d’Fro, wéi vill Reen dës Woch da kann bei eis erofkommen.

Advertisement

Immens naass iwwer Südeuropa, a bei eis?

Gëschter hate mir en ausféierleche Bléck an de Süde vun Europa gehäit, wou vun elo un bis de Sonnde mat markant bis hin zu onwiederaarteg Reequantitéiten erwaart ginn. Dës Nidderschlagszomme packen et awer glécklecherweis net bis op Lëtzebuerg.

Mir vergläichen elo mol e puer Modeller, fir de warscheinlechsten Zenario kënnen ze ermëttelen:

  • GFS: 25 – 44 l/m²
  • ECMWF: 20 – 40 l/m²
  • ECMWFAI: 30 – 45 l/m²
  • ICON: 20 – 39 l/m²
  • SwissMRF: 30 – 40 l/m²

Wa mir elo d’Moyenne vun den ausgesichte Modeller huelen, da komme mir bei tëscht 25 an 41,6 l/m² eraus. Dëst ass e bësse méi wéi et gëschter nach berechent gouf. Mir hunn also naass Ofschnëtter ze erwaarden, an trotzdeem sollt de Rescht vun der Woch net an d’Waasser falen. Vun der Verdeelung hier soll et am Westen an och am Süden tendenziell am meeschte reenen.