Kuerz naass Phas: Update zu de Reequantitéite bis de Samsden inclus

Et ass amgaange méi naass ze ginn, mee dës Phas wäert net laang unhalen. Trotzdeem kënnen an dëser punktuell awer och nennenswäert bis méi markant Quantitéite virkommen.

Advertisement

Eng schläifend Kalfront

Wéi am Artikel vu gëschter schonn betount, suergt eng Kalfront, déi net besonnesch séier vu Plaz kënnt, fir e méi reeneregen Ofschnëtt. Dësen hält nach bis muer inlcus un, ier et dann vum Sonnden un däitlech méi frëndlech gëtt.

Mir hunn eis déi neist Modellkaarten ugekuckt. Vun elo bis an de spéidere Samsdenowend eran kommen an der op der Kaart markéierter Sträif akkumuléiert gesinn tëscht 20 a 40 l/m² erof. Dat ass nennenswäert, mee an de meeschte Fäll net warnrelevant – op d’mannst net an där “laanger” Zäitspaan. Punktuell begrenzt kann et duerch 50 bis 85 l/m² awer anescht ginn, Iwwerschwemmungen an e klamme vun de Peegelen wier d’Konsequenz. Zur Erënnerung: Mir schwätzen hei net explizit vu Lëtzebuerg, mee vun den op der Kaart markéierte Gebitter.


D’Agrenzung vun de Gebitter mam meeschte Reen | Grafik: Météo Boulaide

En aneren Zenario, an deenen de Reen och ka méi markant ginn ass, wann a just e puer Stonne gréisser Zommen erofkommen. Fir d’Nuecht op de Samsde gëtt nämleche e gréissert Reegebitt berechent, wat vun der Belsch a vu Frankräich hier op BeNeLux soll iwwergräifen. Duerch dëst kann et zu Lëtzebuerg a just e puer Stonne LOKAL bis zu 25 l/m² reenen. Eenzel Modeller gesinn däitlech méi, stellen awer eng Minoritéit duer. Mir halen d’Situatioun awer am Aen a reagéiere mat enger Warnung wann et muss sinn.

Fir de Rescht dann nach d’Nieweninfo dass et souwuel haut an och muer ganz vereenzelt och mol kann zu engem Dimmer kommen, wat an d’Reegebitt(er) mat agelagert ass.

De Sonnde gesäit weiderhi no engem richteg frëndlechen a sonnegen Dag aus – d’Rettung vum Weekend, wann een dann esou wëll.