Kuerz-Update: Reen net ukomm, nächst relevant Chancen eréischt an zwou Wochen?

Déi ugekënnegt Nidderschléi, déi eis an der vergaangener Nuecht hätte sollen duerch eng Kalfront erreechen, hu sech kuerz virum Land opgeléist. Déi nächst relevant Chance léisst op sech waarden.

Advertisement

Reen war do, huet et awer net gepackt

Fir déi vergaange Nuecht war eng Kalfront ugekënnegt, déi eis mol erëm e bësse Reen bruecht hätt – also wierklech e bëssen, just den een oder anere Liter. Mee mol net deen krute mir: Géint 3 Auer de Moie louch d’Front op enger Sträif vu Reims, Charleville-Mézières, Couvin bis erop op Léck an Eindhoven an huet sech och genee do lues a lues opgeléist. D’Nidderschléi hunn et also net op Lëtzebuerg gepackt, wouduerch mir bei enger “houfreger” Zomm vu 0,0 l/m² erauskomm sinn. D’Muster, dass entweder déi simuléiert Nidderschlagszommen no a no zréckgerechent ginn oder einfach guer net optrieden, ass eent, wat mir bis ewell a ville potenziellen Dréchent-Jore gesinn hunn. Hoffe mir also, dass déi momentan Entwécklunge just eng Phas sinn.

Nächst Reen-Chancen eréischt ronderëmt den 10. Abrëll?

Op der Sich no relevante Reenzommen, déi der Natur och wierklech eppes bréngen, fënnt een eréischt fir ronderëmt den 10. Abrëll relevant Situatiounen, an deenen et erëm kéint esouwäit sinn. Se sinn zwar net déi bescht, mee op d’mannst weisen d’Modeller e puer Signaler. Just den europäesche Modell weist fir muer um Sonnden e puer geréng Nidderschléi, déi vun anere Modeller awer net esou berécksiichtegt ginn.


Déi momentan berechent Nidderschlagsanomalien fir de Mount Abrëll | Grafik: cpc.ncep.noaa.gov

Dem amerikanesche Laangzäitmodell CFS no besteet och fir de Mount Abrëll d’Warscheinlechkeet, dass d’Nidderschléi däitlech ze kuerz kommen – wéi mir op der Grafik hei driwwer gesinn.