Kuerzausbléck op déi nächst Woch: Erëm Weststréimung mat spierbarem Wand & Reen

D’Wiedermodeller gesinn am Laf vun der nächster Woch erëm eng méi stramm westlech Stréimung op eis duerkommen.

Advertisement

Changement awer nach net direkt

E Méinden iwwer leie mir nach ënnert dem Afloss vun engem Héichdrockgebitt wat sech vu Spuenien a Portugal hier a Richtung Mëtteleuropa erstreckt. Nidderschléi sinn doduerch also nach net wierklech d’Haaptthema an och de Wand spillt keng gréisser Roll.


D’Wieder schléit erëm ëm | Animatioun: wxcharts.com

Vum Dënschden un iwwerhëlt dann erëm e ganzen Déifdrockkomplex, deen eng gréisser Fläch vum nërdlechen Atlantik bis eriwwer an de skandinavesche Raum anhuele wäert. Dëse System wäert eis den aktuelle Modellrechnunge no spéitstens an der zweeter Hallschent vun der Woch ëmmer erëm kleng Déifer laanschtschécken, déi eis Reen mee awer och eng Portioun Wand matbréngen.

De Verlaf

Hei mol den iwwerflächlechen Iwwerbléck fir déi eenzel Wochendeeg, baséierend op den aktuellen Donnéeën:

E Méinde gëtt et, wéi gesot, nach zimmlech roueg duerch de Rescht vum beschriwwenen Héichdrockafloss. En Dënschde kréie mir et mat engem Iwwergangsdag ze dinn, bei dem et ganz vereenzelt mol zu enger Schauer komme kann. Et betrëfft nach net jiddereen.

Vum Mëttwoch un soll et richteg lass goen, ustoe soll de Passage vun enger Kalfront déi aus Westen erandréckt. Doduerch wier mat Reen ze rechnen, mee och engem spierbare Wand. Et kënne Spëtzte bis 70 km/h optrieden, ënner Ëmstänn och mol bis 75 km/h.


E Beispill vun enger Berechnung mat vill Wand fir en Donneschden | Grafik: wxcharts.com

Den Donneschde gesäit no engem Dag mat ville Schaueren aus, och Donnerwieder wieren aus momentaner Siicht méiglech. Stuermstéiss bis 75 km/h, deemno wéi och 80 km/h, si méiglech. E Freiden an och e Samsde soll et mat ville Schauere virugoen, ier et e Sonnden erëm soll méi roueg ginn.

Dës Schauere wäerte keen Dauerzoustand sinn, dotëscht kënnt sech d’Sonn heiansdo weisen. D’Temperature packen et um Méinden op 8 bis 11 Grad, en Dënschden op 10 bis 13 Grad, e Mëttwoch op 8 bis 11 Grad, en Donneschde 9 bis 13 Grad, e Freiden 8 bis 11 Grad, e Samsde 7 bis 10 Grad an de Sonnde viraussiichtlech 5 bis 8 Grad.