Kuerzupdate Schnéifall: E Méindemoie kéint et spannend ginn am Beruffsverkéier

D’Kalfront, déi muer iwwert eis ewechzitt, bréngt eis déi néideg Loftmassen fir e Schnéi-Comeback. Ier mir muer an iwwermuer méi genee drop aginn, ass hei e Kuerzupdate. Besonnesch fir de Beruffsverkéier e Méindemoie kéint et interessant ginn.

Advertisement

D’Situatioun am Schnellduerchlaf

Well d’Loftmasse schonn um Sonnden amgaange sinn, an eis Géigenden anzesickeren, sinn besonnesch op de Koppe schonn eenzel Flacken am Reen méiglech. Wierklech interessant gëtt et awer eréischt um fréie Méindemoien: De meeschte Modeller no zitt en Déifdrockgebitt vun de britteschen Inselen hier a Richtung Dänemark & Ostséi an dréit domat net nëmme kill, mee och fiicht Loft op Lëtzebuerg. Dëst féiert dann dozou, dass un der Front vum Déif méi kräfteg Schnéischauere méiglech sinn, déi gäre mol den een oder aneren Zentimeter Schnéi bei eis kënne loossen.


D’Verlagerung vum wanterleche klengen Déif a Richtung Norddäitschland, GFS | Animatioun: wxcharts.com

De stäerkste Schnéifall gëtt de Modeller no tatsächlech tëscht 6 a 9 Auer berechent, wat also heescht, dass de spéidere Beruffsverkéier méi staark vun dëser Situatioun kéint beaflosst ginn. Och den héichopléisende Modell ICON vum däitsche Wiederdéngscht stëmmt dëser Entwécklung zou.

Déi méiglech Schnéihéichten

Well den Oflaf, wéi sech de Nidderschlag verdeelt, nach net komplett sécher ass, ass eng genee Ugab vun de Schnéihéichte nach net méiglech. De GFS rechent awer mat tëscht 1 an 3 cm, dat op de Koppen – de Mëtte ware nach tëscht 2 a 5 cm an de Kaarten ze gesinn. Den europäesche Modell ECMWF gesäit tëscht 3 a 6 cm fir d’Südhallschent, iwwerdeems fir de Norde punktuell bis zu 15 cm sollen dobäi sinn. Den däitschen ICON rechent mat engem dënne Flom bis hin zu 2 cm, iwwerdeems de franséischen ARPEGE tëscht 4 a knapp 9 cm op eis duerkomme gesäit.


D’Schnéihéichte bis de Méindenowend, berechent vum ARPEGE-Modell | Grafik: wxcharts.com

Dës Differenze kommen doduerch zustane, well den Duerchgang vun der Front vun den eenzelne Modeller ënnerschiddlech berechent gëtt. Méi genee Wäerter kristalliséiere sech eréischt muer an iwwermuer eraus. Sollte sech déi méi schnéiräich Modeller duerchsetze, kéint et wierklech interessant ginn fir de Beruffsverkéier.