La Chaux-de-Fonds, Schwäiz: Immense Schued no Donnerwieder, Wandvitesse bis 217 km/h gemooss

Zu La Chaux-de-Fonds an der Schwäiz (un der franséischer Grenz) ass en immens zolidd Donnerwieder duerchgezunn. De Schued ass enorm, op d’mannst eng Persoun ass ëm d’Liewe komm.

Advertisement

Gemoosse Wandvitesse bis 217 km/h

Et ass déi héchst jeemools gemoosse Wandvitesse am Déifland vun der Schwäiz, falls dëse Wäert ka verifizéiert ginn. Dës Vitesse goufe wärend dem Passage vun engem immens zolitten Donnerwieder registréiert, wat vu Frankräich hier eragezu koum. Zu La Chaux-de-Fonds an der Schwäiz ass doduerch enorm grousse Schued entstanen, op d’mannst eng Persoun huet d’Onwieder net iwwerlieft. De Moment gëtt nach driwwer diskutéiert, ob et sech ëmt en Downburst oder en Tornado gehandelt huet – oder ëmt déi zwee. Aktuell Biller tendéieren awer éischter a Richtung Downburst.

En Downburst (Däitsch: Gewitterfallböe) ass, vereinfacht erkläert, e grousse naasse Sak mat Reen deen aus de Wolleke fällt. Wann dëse Sak um Buedem ukënnt, breede sech dësen zolitte Reen & och héich Wandvitessen an all Richtungen aus. Immens kräfteg Downbursts, esou wéi et an dësem Fall ee war, kënne Wandvitesse vun iwwer 200 km/h generéieren. Typesch geméissegt Intensitéite fir esou e Phänomen sinn awer éischter Vitesse bis 150 km/h. Et huet sech heibäi also ëmt en Extreemfall gehandelt.

Autoe schwéier beschiedegt, Beem entwuerzelt, Stroumleitungen duerchgerappt & Masten gebrach

Et goung esou gutt wéi guer näischt méi, wou de Stuerm bis duerch war. Den zolitte Schued un der Infrastruktur hat alles zum Stëllstand bruecht. Hei sinn e puer Andréck aus de soziale Medien: