Laangzäitberechnungen: Dat sinn d’Aussiichte fir de September 2022

Den August ass de leschte meteorologesche Summermount. Kucke mir also kuerz, wat dann d'Laangzäitmodeller fir den éischte meteorologeschen Hierschtmount - de September - op eis duerkomme gesinn.

Virwuert

An dësem Artikel ginn d’Laangzäitmodeller CFS (Climate Forecast System) an och den europäeschen ECMWF Seasonal Forecast System ausgewäert. D’Resultat ass net als Prognos ze interpretéieren, mee jeeweils als Estimatioun. Trotzdeem kënne se als Unhaltspunkt déngen, sou wéi et ëmmer erëm de Fall ass.

E puer Fakte ronderëmt e meteorologesche September zu Lëtzebuerg

Wéi et och mat den anere Méint de Fall ass, sinn se vu Referenzperiod zu Referenzperiod duerchschnëttlech méi waarm an och méi dréche ginn. Wärend der Period vu 1981 bis 2010 ass beim staatleche Wiederdéngscht um Findel eng Duerchschnëttstemperatur vun 13,9 Grad gemooss ginn. Der neier Referenzperiod no, déi vu 1991 bis 2020 geet, ass d’Moyenne op 14,3 Grad geklommen.

De selwechte Phänomen observéiere mir och bei de Nidderschlagsquantitéiten. Iwwerdeems et 1981 bis 2010 nach duerchschnëttlech 76,3 l/m² an engem September gereent huet, sinn et tëscht 1991 an 2020 “nëmme” nach 66,6 gewiescht.

Den Trend geet also kloer virun: et gëtt méi waarm, iwwerdeems d’Nidderschlagsquantitéiten zréckginn.

Mat dësen Eck-Donnéeë kucke mir eis elo déi jeeweileg Laangzäitberechnunge vun de Modeller CFS an och den europäeschen EFFIS Long Term- Simulatiounen un.

CFS (Climate Forecast System)

Kaarten: NOAA

Den amerikanesche Laangzäitmodell gesäit fir de September zwar wuel eng positiv Temperaturanomalie op eis duerkommen, déi awer net all ze markant ausfale sollt. Op déi méintlech Moyenne baséiert soll et 1 Grad ze waarm ginn. Iwwerdréit een dat dann elo op eisen Duerchschnëttswäert vu 14,3 Grad, da kéinte mir am Endeffekt bei enger Moyenne vu 15,3 Grad landen.

Wat de Reen betrëfft ginn et dës Kéier mol gutt Norichten. Iwwerdeems fir all d’Méint virdrun eng negativ Anomalie simuléiert gouf – déi leider och agetrueden ass – ass de Modell fir de September 2022 mat duerchschnëttleche bis esouguer liicht iwwerduerchschnëttleche Wäerter ënnerwee. Esou kéint et also bis Enn September deeglech gekuckt zu normal vill Reen kommen, resp. eppes liicht driwwer. Der Referenzperiod no läit dëse Wäert also bei 66,6 l/m².

ECMF Seasonal Forecast System

Kaarten: EFFIS / ECMWF Seasonal Forecast System

Den europäesche Laangzäitmodell gesäit genee wéi den amerikanesche Modell och eng positiv Temperaturanomalie op eis duerkommen – alt erëm eng Kéier. Et gëtt eng Anomalie vun tëscht 1 an 1,5 Grad berechent, wat am Endeffekt also bei 15,3 bis 15,8 Grad resultéiere kann. Och wann dat elo net déi allerhéchst Anomalie ass, ass se awer net ze ignoréieren.

Wat de Reen betrëfft ass de Modell weiderhi ganz änlech wéi den amerikaneschen ënnerwee. Et gi neutral Wäerter berechent, wat heescht, dass mir iergendwou bei eise 66,6 l/m² lande sollten.

Fazit

Wéi et ausgesäit, kann eis wuel erëm en ze waarme Mount ustoen – deen awer allerdéngs mat Chance erëm vu normale Reequantitéite kéint begleet ginn.