Laangzäitberechnungen: Esou gesäit et fir de November 2022 aus

De leschten Oktober-Dag ass ugebrach. An dësem Artikel kucke mir, wat d'Laangzäitmodeller iwwert de November verrooden an op wat mir eis eventuell astelle mussen.

D’Berechnungen (amerikanesch & europäesch Modeller)

Kaarten: NOAA / EFFIS/ECMWF

Wann een iwwerflächlech duerch d’Kaarte kuckt, da fält engem direkt op, dass erëm vill mat méi roudelzeche Faarwen hantéiert gëtt. A Saachen Temperatur gesäit den amerikanesche Laangzäitmodell CFS, dass de November 2022 e gudde Grad ze waarm ausfale soll. Den europäesche Modell gesäit och eng liicht positiv Temperaturanomalie vun ëm 0,25 Grad, bei eisen direkte belschen a franséische Nopere soll se bei 0,5 Grad leien. An engem November läit d’Duerchschnëttstemperatur zu Lëtzebuerg bei 5,2 Grad, baséierend op der laangjäreger Moyenne vu 1991-2020, gemooss un der Wiederstatioun vum staatleche Wiederdéngscht um Findel.

Iwwerdeems gesäit et fir de Nidderschlag esou aus, dass et dem amerikanesche Laangzäitmodell no normal vill reene soll. Och den europäesche Wiedermodell gesäit dëst esou, gewise gëtt eng neutral Kaart. An engem November läit déi duerchschnëttlech Nidderschlagsquantitéit zu Lëtzebuerg bei 71,7 l/m², baséierend op der laangjäreger Moyenne vu 1991-2020, gemooss un der Wiederstatioun vum staatleche Wiederdéngscht um Findel.

Wat huet dat elo ze bedeiten?

Well sech déi zwee Laangzäitmodeller méi oder manner driwwer eenz sinn, dass de Mount wuel duerchschnëttlech gesinn ze waarm ausfält, ass dëst definitiv e net grad onwarscheinlechen Zenario. Natierlech stellt ee sech awer elo d’Fro, ob de Mount duerchgoend all Dag ze waarm ausfält. D’Äntfert dodrop ass: Nee. Trotz enger iwwerduerchschnëttlecher Temperatur op méintlecher Basis kann et dotëscht trotzdem zu Phase kommen, an deenen et normal kal bis esouguer ze kal ass. Aus aktueller Siicht gesi sollt een zumools d’Zäitfënster nom 15. November am Aen halen, well vun dësem Zäitpunkt un zimmlech kuerzfristeg a méi markant Ännerungen a Saachen Temperatur méiglech sinn. Eng Situatioun mat éischtem Schnéi zeechent sech awer nach net of.