Laangzäitmodeller: Bléck op de Wanter 2022/2023

D'Fro, wéi dann de Wanter esou gëtt, heeft sech. Och wa genee Aussoe net méiglech sinn, probéieren ech Iech mat dësem Artikel awer op mannst eng kleng Äntfert ze ginn. Mir kucken eis un, wéi d'Laangzäitmodeller de Moment agestallt sinn.

Virwuert

Wanterprognose ginn ëm dës Joreszäit gär gemaach, deelweis schreiwe verschidde Medie schonn am Summer driwwer. Dobäi däerft Dir awer net vergiessen, dass déi all op Spekulatioun baséieren. D’Wouerécht ass: et kann Iech kee genee soen, wéi de Wanter wäert ginn. Wat een awer maache kann ass, d’Laangzäitmodeller ze analyséieren an domat ze probéieren en eventuellen Trend auszemaachen. Dëst maache mir elo an dësem Artikel – dat dës Kéier mat zwee Laangzäitmodeller.

Mir baséieren eis op d’Laangzäitmodell CFS (Climate Forecast System) vun der NOAA an och op den europäesche Laangzäitmodell (EFFIS).

Dezember 2022

Kaarten: NOAA / EFFIS/ECMWF

Mir sinn am Dezember ukomm, also dem éischten offizielle meteorologesche Wantermount, an deem d’Duerchschnëttstemperatur bei 2,3 Grad läit an et an der Moyenne 89,5 l/m² reent. Wat soen d’Modeller?

Den amerikanesche Laangzäitmodell CFS gesäit eng positiv Temperaturanomalie vun ëm 1 Grad op eis duerkommen, iwwerdeems den europäesche Laangzäitmodell eng e bësse méi geréng Anomalie vu +0,25 Grad berechent. Déi zwee schénge sech awer driwwer eenz ze sinn, dass den Dezember dem aktuelle Stand no minimal ze waarm ausfale kann.

Wat de Reen betrëfft, ginn déi zwee Modeller e Stéckchen auserneen. Dem amerikanesche Modell GFS no soll et minimal méi reene wéi normal, iwwerdeems den europäesche Modell mat -5 l/m² nëmmen e liichten Defizit gesäit.

Januar 2023

Kaarten: NOAA / EFFIS/ECMWF

Wat de Januar betrëfft, gëtt et ënnert de Modeller manner grouss Ënnerscheeder. Wéi den CFS et gesäit, kéint de Januar vun den Temperaturen hier duerchschnëttlech, also normal, ausfalen. – d’Duerchschnëttstemperatur läit bei 1,4 Grad. Parallel dozou soll et ëm 12 l/m² manner reene wéi normal. An engem Januar kommen duerchschnëttlech 71,5 l/m² vum Himmel.

Den europäesche Laangzäitmodell ECMWF stëmmt dem CFS a Saachen Temperaturen zou. Dës solle nämlech och dësem Modell no neutral ausfalen. Den eenzegen Ënnerscheed ass deen, dass den europäesche Modell am Géigesaz zum amerikaneschen och weider kee nennenswäerte Nidderschlagsdefizit am Januar op eis duerkomme gesäit.

Februar 2023

Kaarten: NOAA / EFFIS/ECMWF

Och fir de Februar 2023 ginn d’Berechnunge vun den zwee Modeller net wäit auserneen. Fir d’éischt awer mol d’Eckdaten: an engem Februar läit d’Duerchschnëttstemperatur zu Lëtzebuerg bei 2,2 Grad, dobäi reent et 59,5 l/m².

Den amerikanesche Laangzäitmodell gesäit nëmmen eng geréngfügeg positiv Temperaturanomalie op eis duerkommen, dat vun ëm +0,5 Grad. Den europäesche Laangzäitmodell huet dat Ganzt änlech um Schierm a rechent eng Anomalie vu +0,25 Grad. Reen-méisseg ass den CFS mat neutrale Wäerter dobäi, iwwerdeems den europäesche Modell nëmmen eng liicht negativ Anomalie vu -5 l/m² op eis duerkomme gesäit.

Fazit & Konklusiounen

Dir mierkt, dass mir eis an dësem Artikel haaptsächlech op Duerchschnëttswäerter bezéien – an dat ass och gutt esou. Alles anescht wier séier onserieux, well et sech heibäi jo net ëm keng Prognos, mee ëmt Schätzungen vun den aktuelle Laangzäitmodeller handelt. Dës Aussoe kënnen och nëmme begrenzt eng Iddi driwwer ginn, wéi vill Schnéi mir dëse Wanter ze erwaarden hunn.

Den Dezember soll den zwee Modeller no liicht ze waarm ausfalen, a Saache Nidderschléi ginn d’Meenungen auserneen. Wann een den Duerchschnëtt hëlt, da kéint et esouguer sinn, dass den Dezember a Saache Nidderschléi normal ausfält. De Januar ka wuel och erëm mat gréisserer Warscheinlechkeet vun den Temperaturen hier normal ausfalen, iwwerdeems et eng liicht Tendenz a Richtung “ze naass” gëtt. All ze grouss gesinn dës Anomalien awer net aus. Och de Februar schéngt den zwee Modeller no d’Chance ze hunn, ze waarm ze ginn – dat och mat enger liichter Tendenz a Richtung “ze dréchen”.

Fazit also: Temperaturméisseg ass et wuel méiglech, dass de Wanter am grousse Ganzen e klengen Tick ze waarm ausfale kann. Nidderschlagstechnesch kënne mir am Endeffekt fläit esouguer op e neutrale Wanter erauskommen.

Bedeit dat elo, dass mir kee Schnéi ze erwaarden hunn? Nee! Mir bezéien eis an dësem Artikel jo just ëm Duerchschnëttswäerter. Natierlech kann et dotëscht heiansdo zu Phase kommen, déi favorabel fir Wiederlagen mat Schnéi sinn. Et gesäit awer elo beispillsweis net dono aus, wéi wa mir et mat engem immens kale Wanter ze di kriiten. An och hei gëlt: jo, dotëscht kann et mol heiansdo méi knackeg ginn, mee am grousse Ganzen (an der Moyenne gekuckt) sollt eis awer e liicht ze mëlle Wanter ustoen.