Laangzäitmodeller: Bléck op de Wanter 2023/2024

Mam grousse Wiederëmschwong op den Hierscht freet een sech ëmmer méi, wéi de Wanter da wuel gëtt. Och wann et dorop keng ganz genee Äntfert gëtt, kucke mir, wat d’Laangzäitmodeller fir déi nächst Méint op eis duerkomme gesinn.

Advertisement

Virwuert

Wanterprognose ginn ëm dës Joreszäit gär gemaach, deelweis schreiwe verschidde Medie schonn am Summer driwwer. Dobäi däerft Dir awer net vergiessen, dass all déi Prognosen op Spekulatioun baséieren. D’Wouerécht ass: Kee Mënsch a keng Berechnung kann Iech soen, wéi de Wanter wäert ginn. Wat een awer maache kann ass, d’Laangzäitmodeller ze analyséieren an domat ze probéieren en eventuellen Trend auszemaachen. Dëst maache mir elo an dësem Artikel – dat dës Kéier mat zwee Laangzäitmodeller.

Mir baséieren eis op d’Laangzäitmodell CFS (Climate Forecast System) vun der NOAA an och op den europäesche Laangzäitmodell (EFFIS).

Dezember 2023

Kaarten: NOAA / EFFIS/ECMWF

Fänke mir mam Dezember un, also dem éischten offizielle meteorologesche Wantermount, an dem d’Duerchschnëttstemperatur bei 2,3 Grad läit an et an der Moyenne 89,5 l/m² reent. Wat soen d’Modeller?

Den amerikanesche Laangzäitmodell CFS gesäit eng positiv Temperaturanomalie vun ëm 1 Grad op eis duerkommen, iwwerdeems den europäesche Laangzäitmodell eng Anomalie vu +0,5 Grad berechent. Déi zwee schénge sech driwwer eenz ze sinn, dass den Dezember dem aktuelle Stand no e bëssen ze waarm kann ausfalen.

Wat de Reen betrëfft, ginn et just e puer kleng Ënnerscheeder. Dem amerikanesche Modell no soll et minimal manner reene wéi normal, iwwerdeems den europäesche Modell déi normal 89,5 l/m² op eis duerkomme gesäit.

Januar 2024

Kaarten: NOAA / EFFIS/ECMWF

Wat de Januar betrëfft, schrauwen d’Modeller déi berechent Anomalien e gutt Stéck an d’Luucht. Wéi den CFS et gesäit, kéint de Januar vun den Temperaturen hier gutt 2 Grad ze waarm ausfalen – d’Duerchschnëttstemperatur fir e Januar läit bei 1,4 Grad. Parallel dozou soll et ëm 12 l/m² méi reene wéi normal. An engem Januar kommen duerchschnëttlech 71,5 l/m² vum Himmel.

Den europäesche Laangzäitmodell ECMWF stëmmt dem CFS a Saachen Temperature méi oder manner zou. Dës solle nämlech och dësem Modell 1,5 bis 2 Grad ze héich ausfalen. Den eenzegen Ënnerscheed ass deen, dass den europäesche Modell am Géigesaz zum amerikaneschen normal Nidderschlagsquantitéiten fir Januar op eis duerkomme gesäit.

Februar 2024

Kaarten: NOAA / EFFIS/ECMWF

Fir de Februar 2024 ginn d’Berechnunge vun den zwee Modeller net wäit auserneen. Fir d’éischt awer mol d’Eckdaten: An engem Februar läit d’Duerchschnëttstemperatur zu Lëtzebuerg bei 2,2 Grad, dobäi reent et 59,5 l/m².

Den amerikanesche Laangzäitmodell gesäit eng liicht positiv Temperaturanomalie op eis duerkommen, dat vun ëm +1 Grad. Den europäesche Laangzäitmodell gesäit e méi waarme Mount op eis duerkommen, dat mat enger Anomalie vu +1,5 Grad. Reen-méisseg ass den CFS mat enger liichter positiver Anomalie vu 5,6 l/m² dobäi, iwwerdeems och den europäesche Modell e Plus vun héchstens 10 l/m² berechent.

Fazit & Konklusiounen

Dir mierkt, dass mir eis an dësem Artikel haaptsächlech op Duerchschnëttswäerter bezéien – an dat ass och gutt esou. Alles anescht wier séier onserieux, well et sech heibäi jo net ëm keng Prognos, mee ëmt Schätzungen vun den aktuelle Laangzäitmodeller handelt. Dës Aussoe kënnen och nëmme begrenzt eng Iddi driwwer ginn, wéi vill Schnéi mir dëse Wanter ze erwaarden hunn.

Den Dezember soll den zwee Modeller no liicht ze waarm ausfalen, och a Saache Nidderschléi ginn d’Meenunge net wäit auserneen. Wann een den Duerchschnëtt hëlt, da kéint et esouguer sinn, dass den Dezember a Saache Nidderschléi méi oder manner normal ausfält. Fir de Januar gesäit et no däitlech ze héijen Temperaturen aus, iwwerdeems och eis Nidderschlagsquantitéiten eng Grimmel méi héich wéi den Duerchschnëtt kéinte landen. Och fir de Februar weist sech déi kloer Tendenz, dass de Mount soll ze waarm ginn. Wat de Reen betrëfft, si sech déi zwee Modeller iwwert de liicht ze waarme Mount bal genee eenz.

Fazit also: Temperaturméisseg kann et ganz gutt sinn, dass de Wanter 2023/2024 an der Moyenne ze waarm ausfält. Nidderschlagstechnesch sollte mir net all ze wäit vun der laangjäreger Moyenne ofschwäifen.

Bedeit dat elo, dass mir kee Schnéi ze erwaarden hunn?

Nee! Mir bezéien eis an dësem Artikel jo just ëm Duerchschnëttswäerter. Natierlech kann et dotëscht heiansdo zu Phase kommen, déi favorabel fir Wiederlagen mat Schnéi sinn. Et gesäit awer elo beispillsweis net dono aus, wéi wa mir et mat engem immens kale Wanter ze di kriiten. An och hei gëlt: jo, dotëscht kann et mol heiansdo méi knackeg kal ginn, mee am grousse Ganzen (an der Moyenne gekuckt) sollt eis awer en ze mëlle Wanter ustoen.