Laangzäitmodeller: De Juli 2023 soll däitlech ze waarm & ze dréchen ausfalen

Fir de Juli ginn et de neiste Laangzäitmodeller no keng all ze gutt Norichten fir eis Natur.

Advertisement

Juli 2023

Kaarten: NOAA / EFFIS/ECMWF

Am meteorologesche Juli gëtt zu Lëtzebuerg eng Duerchschnëttstemperatur vun 18,7 Grad gemooss, dat baséierend op de Laangzäitdonnéeë vun der Wiederstatioun vum staatleche Wiederdéngscht um Findel. Wat de Reen betrëfft kommen an der Moyenne 72,1 l/m² Reen erof.

Den amerikanesche Laangzäitmodell CFS gesäit elo fir de Juli 2023 eng positiv Temperaturanomalie vun 1°C op eis duerkommen, et soll also ze waarm ginn. Och wat de Reen ugeet ass mat enger Anomalie ze rechnen, duerch déi am Endeffekt duerchschnëttlech ëm -0,4 l/m² Reen den Dag kéinte feelen.

Och den en europäesche Laangzäitmodell gesäit, dass de Juli warscheinlech ze mëll ausfällt, et gëtt eng Anomalie vun 2°C berechent. Genuch reene soll et dësem Modell no och net, eis kéinten duerno duerchschnëttlech gutt 10 l/m² feelen.

Generell Aschätzung fir de Juli

Kombinéiert mat de Mëttelfristrechnungen soll et dem europäesche Modell ECMWF no nach virun der zweeter Hallschent vum Juli ufänken däitlech méi waarm ze ginn, dat duerch e méigleche Virstouss vun immens waarme Loftmassen aus dem Mëttelmierraum & Spuenien. Den amerikanesche Modell steet dem ganzen e bësse méi pessimistesch géigeniwwer, mee et wier net verwonnerlech, wann dësen och nach op den ECMWF-Zuch géif opsprangen.

Géif dat geschéien, da géif eis tatsächlech eng iwwerduerchschnëttlech waarm Period an d’Haus stoen. Stréimungsbedingt wier et oft zimmlech schmeier, e puer Donnerwiederlagen sinn also ze erwaarden. Wann et reent, dann awer meeschtens leider just duerch dës Donnerwieder – an Dir wësst, dass dës jo éischter just punktuell optrieden.

Stand: 29.06.2023 – 18:30