Laangzäitmodeller: Esou sinn d’Aussiichte fir de Mee 2023

Elo, wou déi éischt méi “héich” Temperaturen ze erwaarde sinn, freet ee sech natierlech wéi sech de Mount Mee am grousse Ganzen entwéckle kéint. Dat kucke mir eis elo méi genee un.

Advertisement

Baséierend op den europäeschen & amerikanesche Laangzäitmodeller

Mir kucken eis an dësem Artikel Laangzäitmodeller un. Dat heescht, dass et sech heibäi net ëmt eng Prognos handelt, mee ëmt eng Estimatioun. An awer hunn esou Berechnungen an der Vergaangenheet eng gutt Iddi doriwwer ginn, wéi et an de nächste Wochen a Méint virugoe kann. Een, deen gäre spekuléiert, fënnt also Gefalen un dëse Kaarten.

Mee 2023

Kaarten: NOAA / EFFIS/ECMWF

Am meteorologesche Mee gëtt zu Lëtzebuerg eng Duerchschnëttstemperatur vun 13,56 Grad gemooss, dat baséierend op de Laangzäitdonnéeë vun der Wiederstatioun vum staatleche Wiederdéngscht um Findel. Wat de Reen betrëfft kommen an der Moyenne 73,3 l/m² Reen erof.

Den amerikanesche Laangzäitmodell CFS gesäit elo fir de Mee 2023 eng positiv Temperaturanomalie vu 0,5 Grad op eis duerkommen, et kéint also geréngfügeg ze waarm ginn. Wat de Reen betrëfft sollte mir ongeféier bei dem erauskommen, wat fir dëse Mount normal ass.

Och den en europäesche Laangzäitmodell gesäit, dass de Mee eventuell nëmme geréng ze mëll ausfale kéint, et gëtt eng Anomalie vu grad emol +0,25°C berechent. Reenméisseg gëtt et vun dësem Modell eng kleng Undeitung vu geréngfügeg iwwerduerchschnëttleche Wäerter.

Bléck op d’Mëttelfrist vun de Wiedermodeller

Vun de Laangzäitmodeller komme mir elo op aner Berechnungen, déi bis an d’Mëttelfrist kënne kucken. Deen, deen dovun am wäitste geet, ass den amerikanesche GFS, an zwar vun haut aus gesinn bis den 18. Mee. Déi aktuell Aussiicht ass déi, dass et wuel op engem méi mëlle Niveau soll virugoen – also ongeféier op dem, op dem mir eis de Moment befannen. Bis Mëtt Mee gesäit de Modell heiansdo mol de Virstouss vu méi waarme Loftmassen aus dem Süden, mee genee esou kann et aus dem héije Norden dotëscht nach e heiansdo en Tick méi kill ginn. Wat d’Grousswiederlag ugeet gesäit et no vill Afloss vum Atlantik hier aus, wat heescht, dass sech wuel och ëmmer erëm Schauere bei eis weisen. Mat deem gewosst, gesäit et also no engem variablen, mee allgemeng statistesch normalem Mee aus. Duerch déi Mëschung aus méi fiichte Loftmasse wäert d’Unzuel un Donnerwieder-Deeg iwwert dem Kontinent also och zouhuelen.

Den europäesche Modell ECMWF gesäit zwar “just” bis den 12. Mee, ass awer bis dohin zimmlech änlech wéi den amerikanesche Modell ënnerwee.